Plainte beim NCP géint de Fonds de Compensation SICAV-FIS

Den 13. Mäerz 2024 huet Greenpeace Lëtzebuerg eng Plainte beim OECD National Contact Point (NCP) géint de Fonds de Compensation SICAV-FIS (FDC SICAV-FIS) agereecht. D’Plainte bezitt sech op d’Investissementer vum FDC SICAV-FIS, déi laut Greenpeace net mat den OECD-Richtlinne fir multinational Entreprisen am Beräich vun Ëmwelt, Mënscherechter, Konsumenteninteressen an Informatiounsflichten am Aklang stinn. 

De Point de Contact National huet a senger initialer Evaluatioun festgestallt, datt de FDC SICAV-FIS als Entreprise ënner d’OECD-Richtlinne fält an et e suffisante Lien tëschent den Aktivitéite vum FDC SICAV-FIS an de vu Greenpeace opgewise Problemer gëtt. Trotzdeem huet de FDC d’Mediatiounspropos vum Point de Contact National ofgeleent, well en d’Qualifikatioun vum SICAV-FIS als multinational Entreprise contestéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi bewäert de Minister d’Decisioun vum FDC, d’Mediatioun duerch den NCP ofzeleenen?

  2. Wéi eng Moyene stinn der Regierung zur Verfügung fir de FDC dozou ze beweegen, seng Responsabilitéit am Kader vun den OECD-Richtlinnen unzeerkennen?

  3. Ass de Minister bereet, sech dofir anzesetzen datt de FDC seng Positioun iwwerdenkt an un enger Mediatioun deelhëlt?

  4. Gesäit de Minister eng Méiglechkeet fir en Dialog tëschent dem FDC an den ONGen iwwert d’Nohaltegkeetsstrategie vum Fonds ze organiséieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1796

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt