Plafongen vun den Zënsen

D’Zënsen op d’Prête klammen am Moment immens schnell. Heirënner leiden net nëmmen déi déi elo kafe wëllen, mee och déi déi scho kaaft hunn. Vill Leit hunn fir den Oktober ee Bréif kritt, dass hir Mensualitéit wäert klammen. Mir Pirate fannen dass de Staat hei muss hëllefen an hunn vun der Regierung Folgendes gefuerdert:

 

Context:Ried zur Lag vun der Natioun

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Bei engem Haus, wat eng Koppel bewunnt, dierf déi op 30 Joer 40.000€ pro Persoun vun de Steieren ofsetzen ;
  • Wann eng Koppel haut 1.000.000€ léine geet, bezilt déi ronn 37.500€ Zënsen am éischte Joer, et dierf een als Koppel awer nëmmen 2.000€ pro Persoun op der Steier ofsetzen. Op 30 Joer bezilt een 3,75% Zënsen, dat sinn 665.000€ op de ganze Prêt ;
  • Den Ënnerscheed tëscht dem Undeel, deen een haut kann ofsetzen an deen ee virun 2 Joer bei 1,8% Zënsen konnt ofsetzen, huet sech halbéiert;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. Den Undeel un Zënsen ze verduebelen, déi ee bei sengem Prêt fir déi Immobilie wou een selwer dra wunnt, dierf ofsetzen.

 

Dës Motioun ass vun DP, LSAP an déi Gréng ofgeleent ginn.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene