Pizza & Politik

De 4. Oktober huet d’Piratepartei Gebuertsdag.

An dat muss gefeiert ginn!

Säit 12 Joer als Partei a säit 3 Joer an der Chamber setzen d’Piraten sech fir Transparenz, Gerechtegkeet a Biergerparticipatioun an.

Mir wëllen de Mënschen an der Politik eng Stëmm ginn an hinnen nolauschteren.

An dofir wëlle mir eise Gebuertsdag feiere mat enger ganzer Woch voll Chancen, fir är Meenung zu politeschen Themen ze äusseren!

Vum 4. bis den 7. Oktober 2021 bidde mir all eise Memberen, Sympathisanten an och all aner Persoun, déi virwëtzeg ass, Méiglechkeeten, u verschiddenen Online-Diskussiounsgruppen a Form vu „Politik-Sprints“ deelzehuelen.

 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene