Ahoi !
d’Piratepartei invitéiert seng Memberen häerzlech op de Landeskongress fir d’Chamberswalen 2023, deen Donneschdes, den 31ten August ab 18h00 wäert lassgoen.
Dës Kéier a gudder Piraten-Manéier: mir organiséieren d’Event op engem Schëff op der Musel !
Den Treffpunkt ass zu Réimech um Quai (vis-à-vis ass ee grousse Parking).
Wichteg Informatioun fir Séikranker: d’Schëff wäert net fueren, mee um Quai stoe bleiwen.
De Programm vum Kongress gesäit esou aus:
– Aschreiwung
– Begréissung a politesch Ried vun eisem Deputéierten a Spëtzekandidat, Sven Clement
– Presentatioun vun eise Piraten-Lëschten fir d’Chamberwalen
– Ofstëmmung vum Walprogramm 2023-2028
– Politesch Ried vun eisem Deputéierten a Koordinator, Marc Goergen
– Divers

All Member ass wëllkomm, och wann en net fir d’Iesse bleift.
Fir d’Iessen an d’Gedrénks op der Musel kënnen ze finanzéieren, hu mir eng Flatrate opgestallt (40€ pro Erwuessenen, 10€ pro Kand), mat där jiddereen dee ganzen Owend een direkten Zougang zu Iessen a Gedrénks u Bord huet.
Iwwerweist fir d’Umeldung w.e.g. bis spéitstens den 15ten August de Montant vun der Flatrate op folgende Konto:
Piratepartei Lëtzebuerg asbl (BCEELULL)
LU67 0019 3255 6480 6000
Kommunikatioun: “Kongress 318 Flatrate + Unzuel vun Erwuessenen&Kanner”
Dir kënnt d’Flatrate och bequeem mat der Kaart iwwert de folgende Link bezuelen: https://buy.stripe.com/28o7sFemZcfW8XS9AL
Mir erënneren och drun, dass du däi Membersbeitrag vun 10€ fir d’Joer 2023 bezuelt musst hunn an op mannst 3 Méint muss Member sinn, fir um Kongress dierfen ofzestëmmen. De Betrag kanns du op de Konto uewendriwwer iwwerweisen oder iwwert cotisation.pp.lu
Eng Propose fir de Walprogramm gouf de 16ten August deposéiert: dir fannt se hei:
Fir all weider Froen si mir selbstverständlech fir dech do: een Uruff um 20 33 37 oder per Mail op ahoi@piraten.lu .