Piraten fuerderen ELO d’Fërderung vum Télétravail

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • De STATEC huet a sengem Pressecommuniqué n°15 vum 19te Mee 2020 d’Resultater vun enger Etüde iwwert den Télétravail matgedeelt;
  • Aus der Etüde geet eraus, dass den Télétravail sech am Vergläich zu 2019 verdräifacht huet;
  • Gläichzäiteg consideréiere 55% vun de befrotene Persounen den Télétravail als eng positiv Erfarung, 15% jugéieren als eng negativ Erfarung;
  • Allerdéngs affirméieren 43% vun de Befrotenen, dass si méi Stonnen am Home Office schaffen ewéi gewéinlech;
  • De Mouvement écologique schwätzt sech a senger Stellungnam vum Mee 2020 fir eng Reform vun neien Aarbechtszäitmodeller aus an dorënner och fir eng Weiderentwécklung vum Télétravail, ënnert der Berécksiichtegung, dass den Drock op der Aarbecht dowéinst net weider zouhëlt;
  • Ënnert Berécksiichtegung vun den negativen Aspekter vum Télétravail (ënnert Anerem: d’Trennung vu Beruff a Privatliewen, Iwwerstonnen, Recht op Privatsphäre a Paus) muss de Legislateur ee kloren gesetzlech Kader virginn, fir d’Rechter vum Employé ze garantéieren;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. eng Steiererliichterung fir Betriber an och ee Crédit d’impôt fir d’Employéen anzeféieren, fir den Télétravail zu Lëtzebuerg no der Coronakris als fest Aarbechtsform ze fërderen an z’etabléieren.
  2. Gebrauch ze maache vum Klima–an Energiefong, ugesiichts, dass et sech heibäi ëm eng konkret an effektiv Ëmweltmesüre handelt.
  3. zesumme mat der Chamber déi néideg gesetzlech Dispositiounen ze schafen, fir Abusen am Kader vum Télétravail z’ënnerbannen.
D’Motioun gouf den 1.03.21 an der Finanzkommissioun diskutéiert  a kënnt deemnächst erëm an d’Plenière.
Iwwert dës Motioun gouf den 18.03.21 an der Chamber ofgestëmmt. D’Motioun gouf leider ofgeleent.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt