Phishing-Attacken

Ëmmer méi heefeg kënnt et vir, dass Krimineller Websäiten erstellen, déi ausgesinn, wéi wann se vun engem Geschäft oder enger Bank wieren. Mat falschen E-Mailen oder SMSen, an deene behaapt gëtt, de Client misst dréngend seng Bank-Donnéeën aginn, ginn d’Leit op esou Websäite gelackelt a kréien do hier Zougangsdate geklaut. Per Web-Banking kënnen déi Kriminell dann op d’Konte vun de Betraffenen zougräifen a maachen se net seelen eidel. 

D’Gesetz vum 10. November 2009 gesäit zwar vir, dass eng Bank hire Clienten d’Sue vun engem net-autoriséierte Payement muss zeréck iwwerweisen, mee dëst trefft awer nëmmen zou, wann de Client net duerch eegent Feelverhale selwer eng Matschold dréit. 

Rezent waren och Clientë vum POST-Service Eboo betraff.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Utilisateuren si vum rezente Phishing-Versuch bei der POST betraff?

  2. Wéi ee Gesamtmontant gouf geklaut?

  3. Wäert d’Post de Betraffenen en Deel oder d’Gesamtheet vun de geklaute Suen zeréck ginn an eventuell gemaache Scholden net zeréck froen?

  4. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Erafalen op eng Phishing-Mesure e perséinlecht Feelverhalen duerstellt, wat geméiss dem Gesetz vum 10. November 2009 dozou féiert, dass ee kee Remboursement ze gutt huet?
    Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Konsumenten no der aktueller Gesetzgebung gutt genuch geschützt sinn am Fall vu Phishing?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8377

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt