(P)Esch domm gaang!

Mir Pirate sinn der Meenung dass all Mënsch e Recht huet säi Liewensraum esou ze gestalten, dass e sech op senger Adress och doheem fille kann. Mir Pirate gleewen iwwerdeems och, dass all Agrëff op déi häuslech Organisatioun een déiwen Agrëff an d’Privatsphär vun de Leit duerstellt.
Ee WG-Verbuet ass keng Léisung fir d’Wunnengssituatioun ze verbesseren. WG’en sinn eng Liewensform, déi een net blann sollt verbidden, mee kloer regléieren. Dozou huet all Buergermeeschter mëttlerweil d’Mëttelen, fir mat der Police zesummen ze kucken, dass Zëmmere propper sinn an d’Minimum-Standards agehale ginn. Mir proposéieren: kontrolléieren an net einfach verbidden!

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt