Persounen op der Strooss

Wärend de kale Wanterméint ass et fir Persounen, déi op der Strooss wunnen, besonnesch schwéier. Grad an den Nuechte kann et bei Minusgraden geféierlech ginn. Zu Lëtzebuerg ginn et dofir verschidde Plazen, wou Persounen ouni feste Wunnsëtz e Bett, eppes ze iessen an/oder en Zougang zu sanitären Anlage kréie kënnen. Mee d’Offer ass begrenzt an net all Persoun, déi op der Strooss lieft, profitéiert dovun. Dat gëllt och fir d’Méiglechkeet, iwwert en Office social eng Adress ze kréien, wann ee kee Wunnsëtz huet. Dofir ginn et zu Lëtzebuerg Persounen, déi néirens ugemellt sinn a soumat keng legal Adress hunn. Dat werft besonnech am Kontext vum sougenannten Heescheverbuet Froen op, dat ab e Freiden an der Staat Lëtzebuerg soll ëmgesat ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Opfangbetter a Strukture ginn et am ganze Land fir Persounen ouni feste Wunnsëtz?
    Wéi vill Better bidden déi eenzel Strukturen, wéi verdeelen se sech iwwert d’Land an hunn se Better, déi spezifesch vir Persoune vun engem bestëmmte Geschlecht virgesi sinn?
    Wéi vill Strukture kënne Persounen am Rollstull oder mat engem aneren Handicap ophuelen?

  2. Wéi sinn dës Strukturen am Moment jeeweils ausgelaascht? 

  3. Wat geschitt mat Persounen, ouni feste Wunnsëtz an ouni Pabeieren, déi vun der Police matgeholl ginn a sech weder ausweisen nach eng Adress ugi kënnen?

  4. Aktuell si Strofe vu 25 Euro bis 250 Euro virgesinn, wann eng Persoun géint dat sougenannten Heescheverbuet verstéisst. Persounen ouni Wunnsëtz verfügen oft net iwwert déi entspriechend finanziell Mëttel, fir esou eng Strof zäitno ze bezuelen.
    Wat geschitt mat Persounen ouni feste Wunnsëtz, déi d’Strof länger Zäit net kënne bezuelen?

  5. Wat geschitt mat de Suen, déi eng Persoun ouni feste Wunnsëtz duerch Heesche gesammelt huet, wann dës vun der Police opgegraff gëtt? Ginn dës Sue saiséiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 104

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene