Personnes de confiance an den DSPen

Mir hunn an der Vergaangenheet schonn eng Rei Froen zum Dossier de Soins partagés (DSP) vun der Agence eSanté gestallt. Aus der Äntwert op meng Fro n° 7583 geet ervir, dass just e relativ klenge Prozentsaz vun den Assuréeën hei am Land hiren DSP wierklech notzen. Fir dass en Dokter (ausserhalb vum Spidol) op den DSP zougräife kann, muss den Assuré dësen als Personne de confiance am Dossier hannerleeën. Et gouf un eis eru gedroen, dass déi geréng Notzungszuele verschidde Grënn hätt, dorënner och, dass vill Doktere vun de Notzer vum DSP eben net als Personne de confiance hannerluecht ginn an deementspriechend guer keen Accès op den Dossier kréien an wichteg Informatiounen iwwert aner Weeër mussen ufroen an hannerleën.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wéi vill DSPen ass keng eenzeg Personne de confiance hannerluecht?

  2. Wéi hunn d’Zuele vun den hannerluechten Personnes de confiance bei den DSPen zënter hirer Aféierung evoluéiert? Kann d’Ministesch mir d’Zuelen a Form vun engem Tableau an engem Histogramm presentéieren?

  3. Wéi vill Personnes de confiance sinn an der Moyenne an engem Dossier hannerluecht?

  4. Wéi vill Dokumenter sinn an der Moyenne an engem Dossier hannerluecht?

  5. Wéi vill Dokumenter sinn an der Moyenne an Dossieren hannerluecht, op déi iwwerhaapt keen Dokter Accès huet, well an den Dossiere guer keng Personne de confiance hannerluecht ginn ass?

  6. Wéi vill Prozent vun den hannerluechten Dokumenter an den DSPen stamen entweder aus Laboratoiren oder aus Spidolsservicer?

  7. Wéi vill Doktere kënnen net als Personne de confiance am DSP dobäigesat ginn, well se net an der Lëscht sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8017

Zesummenhang posts

Mir hunn an der Vergaangenheet schonn eng Rei Froen zum Dossier de Soins partagés (DSP) vun der Agence eSanté gestallt. Aus der Äntwert op
Den elektronesche Carnet de vaccination (CVE) à jour ze halen ass fir den Dokter  oder d’Doktesch am Moment relativ ëmständlech. Den Dokter oder d’Doktesch