Verbindungen tëscht der Agence eSanté an enger franséischer privat Firma

Am Oktober 2006 huet déi deemoleg Regierung den Aktiounsplang eSanté lancéiert, aus deem schliisslech 5 Joer méi spéit déi national Agence eSanté ervir gaangen ass. Op hirem Internetsite kënne mir liesen, datt déi Agence haut iwwer 20 Mataarbechter zielt a geleet gëtt vun engem Generaldirekter, dee mëttlerweil zanter méi wéi 8 Joer am Amt ass. Virdrun hat hie sech schonn als Member vun der Direktioun vun der regionaler Gesondheetsagence Franche-Comté en Numm an der Télémédecine gemaach.

Opfälleg a sengem Werdegang ass, datt eng franséisch Firma, déi entretemps Leader am eSantés-Beräich a Frankräich ass, him scho jorelaang, wann net joerzéngtelaang nosteet. Et ass genee déi Firma, déi 2013 beim Appel d’offre vun eiser eSantés-Agence zeréckbehale ginn ass, an et ass och déi selwecht Firma, déi 2018 de Marché fir sech gewanne konnt wéi et drëm gaangen ass, de gemeinsame Projet [email protected] (steet fir “Dossier Patient Mutualisé Informatisé), dee vum CHL a vum CHEM gedroe gëtt, op déi richteg Schinn ze setzen. Ee Projet deen vum selwechten Generaldirekter pilotéiert gëtt.

Och aner Personalverflechtungen tëscht der Agence eSanté an der franséischer Firma werfe Froen op.

Den aktuelle Chief Information Security Officer vun der Agence eSanté war laang fir d’Virgängergesellschaft täteg, aus där dunn de franséische Leader am eSantés-Beräich ginn ass. En huet och laang am Gesondheetsberäich an der selwechter Regioun geschafft, wou den amtéierende Generaldirekter hierkënnt.

Déi Madamm, déi vum September 2012 un (also just 2 Méint no der Entrée en service vum aktuelle Generaldirekter) als Chief Operating Officer – Project Director fir eis Agence eSanté täteg war, ass am September 2020 Direktesch vun der lëtzebuergescher Niederlassung vun ebe grad der schonns genannter franséischer Firma ginn. E Posten, dee si anscheinend schonn erëm verlooss huet.

En änleche Wee huet de fréiere Senior Project Manager vun der Agence eSanté, dee vum November 2014 bis Februar 2018 den Titel “Responsable Ingénierie Médicale” gedroen huet, ageschloen: hien ass zanter Mäerz 2018 Senior Project Manager fir Frankräich bei der viséierter franséischer Firma.

Et schéngt also duerchaus een heefege Personalaustausch tëscht der Agence eSanté, an der franséischer Firma ginn ze hunn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn d’Ministeren am Bild iwwert d’Personalverflechtungen an d’Personalwiessel tëschent engersäits eiser nationaler eSantés-Agence an anerersäits der franséischer Firma, déi entretemps am eSantés-Beräich eng ganz dominant Stellung anhëlt, net nëmmen zu Lëtzebuerg?

  2. Sinn esou Vernetzungen net konträr zum Règlement d’ordre intérieur vun der Agence eSanté, dat explizitt esou Verbindungen – och wann se net zäitgläich sinn – tëschent Mataarbechter vun der Agence an hire Fournisseure verbitt?

  3. All Salarié vun der Agence eSanté muss laut Artikel 14.1.3. vum Règlement d’ordre intérieur den Direkter iwwer méiglech Conflits d’intérêten informéieren. Hunn sech säit der Grënnung vun der Agence scho Persoune beim Direkter wéinst conflits d’intérëts gemellt? Ass schonn eng Keier ee méigleche Conflit d’intérêt beim President vum Conseil de gérance gemellt ginn?

  4. Kann ausgeschloss ginn, datt souwuel bei vergaangene wéi och bei zukünftegen Appel d’offres, déi uewe beschriwwe Personnalverbindungen iergend en Afloss kéinte gehat hunn bzw. kéinten hunn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3840

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023