Personnaliséierten Encadrement bei der ADEM

An hirem Programm vun 2018 huet sech d’Regierung verflicht bei der ADEM d’Aféierung vun enger personaliséierter Betreiung fir Leit, déi op Sich no enger Aarbecht sinn anzeféieren. Dës Form vu Betreiung soll der Diversitéit vun de Leit, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, Rechnung droen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gouf déi ugekënnegt personaliséierte Betreiung bei der ADEM 2019 agefouert?

  2. Wann jo, wéi gestalt sech déi ebe genannte Betreiung?

  3. Wéi gëtt séchergestallt, dass de sozialen, ethneschen a reliéisen Hannergrond vun den Demandeurs d’emploi, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, bei der Sich no enger neier Aarbecht genügend respektéiert gëtt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8227

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt