Personalsituatioun bei den CFL

An der Äntwert op d’Fro n°589 krute mer d’Informatioun, dass op den 31te Mäerz 2024 5.154 Leit beim Grupp CFL schaffen, wouvunner 1.749 Leit am Passagéierberäich agestallt sinn an 1.198 Leit am Fret.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wéi enge Beräicher sinn déi restlech Persoune agestallt?

  2. Kann d’Ministesch de Personalbestand fir d’Joren 2020 bis 2024, opgeschlësselt no Joer a Beräich, an enger Tabell weisen?

  3. Wéi deelen sech d’Karriären (I, A, M, S, B) bei deene verschiddene Beräicher op?
    Wéi huet d’Situatioun 2020 ausgesinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 949

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt