Personaldelegatiounen a Verwaltungsréit – 2t Nofro

2019 hunn d’Ministeren fir Finanzen an Aarbecht op meng parlamentaresch Fro (n°339) geäntwert, dass 17 vun den 22 privatrechtleche Gesellschaften, an deenen de Lëtzebuerger Staat 25 oder méi Prozent vum Kapital hält an déi de Statut vun enger S.A. hunn, géint d’Gesetz verstoussen, well si keng Membere vum Personal an hire Verwaltungsréit sëtzen hunn. Deemools gouf ugekënnegt, de concernéierte Firmen e Bréif ze schécken, fir si z’invitéieren, sech zäitno dem Gesetz unzepassen. An der Äntwert vum 18.06.2021 op d’Fro Nummer 4273 hu béid Ministeren erkläert, dass et am Joer 2021 ëmmer nach 16 vun 21 Gesellschafte gëtt, an deenen d’Personal net am Verwaltungsrot representéiert ass an dass “[d]’Courrieren déi op déi geltend Bestëmmunge vun den Artikele L. 426-1 bis L. 426-4 vum Code du Travail opmierksam maachen, […] am Gaang [sinn] finaliséiert ze ginn”. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wéi ville Firmen hält de Staat aktuell 25 oder méi Prozent vum Kapital? Bei wéi villen dovunner ass e Vertrieder vun der Personaldelegatioun am Verwaltungsrot? Bei wéi engen net?

  2. Sinn dës Bréiwer mëttlerweil finaliséiert a fortgeschéckt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5829

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt