Personal an der Ecole nationale pour adultes (ENAD)

An der Ecole nationale pour adultes (ENAD) schaffen ënnert anerem Proffen (professeurs, fonctionnaires) a Formateurs d‘adultes (fonctionnaires). Am Géigesaz zu anere Lycée’en, ginn et an der ENAD am Kader vun der Berechnung vun der Tâche eng Partie Ënnerscheeder, méi genau eng Partie Ongerechtegkeeten. Dat selwecht gëllt fir d’Ënnerscheeder tëscht de Proffen an de Formateurs d’adultes, déi alle béid de Statut vum Fonctionnaire hunn. 

  1. Wat fir Ënnerscheeder an der Bezuelung (ACTen, Coefficienter, …) gëtt et tëscht de Proffen vun der ENAD an de Formateurs adultes?
  2. Op wéi enge legale Basisse ginn dës Ënnerscheeder gemaach?
  3. Hunn Formateurs d’adultes an der ENAP eng décharge pour ancienneté ze gutt? 
  4. Laut Artikel 32 vum Gesetz vun 2009 gëtt de Volume vun den Tâchen an engem Règlement grand-ducal festgehalen. Ëm wéi ee Règlement handelt et sech heibäi?
  5. Ass et fir ee Formateur d’adultes méiglech, fir sech op eng Plaz an engem Lycée ze mellen, déi net zum Réseaux vun de Formations adultes gehéieren? Wa jo, wéi eng Konditioune mussen dee Moment erfëllt ginn a firwat?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt