Perennitéit vum Pensiounsfong

Den 10te Juni 2020 huet McKinsey zesumme mat Google een Diskussiounspabéier publizéiert mam Titel “The future of work in Europe”, deen op Basis vun den NUTS-3 Regiounen den Aarbechtsmaart analyséiert. Lëtzebuerg gouf am Kader vun dësem Rapport als en “Superstar Hub” klassifizéiert a kéint vun engem Wuesstemspotential vun 13,7% neien Aarbechtsplazen tëscht 2018 an 2030 ausgoen.

Am Gesetzesprojet n° 6387 hat d’Regierung deemools virausgesot, datt, fir eise Pensiounssystem ze stabiliséieren, den Emploi all Joer ëm 1,5% misst klammen. De Rapport vu McKinsey geet elo awer just vun 1,14% pro Joer aus an dat ouni den Impakt vun der Corona-Kris ze bezifferen. Trotzdeem soen seng Auteuren, datt op den Horizont 2030 d’Projektiounen trotz der Kris misste stëmmen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi een Impakt op de Pensiounssystem hätt eng Croissance Moyenne vun 1,14% amplaz 1,5% wärend deenen nächsten zéng Joer?

  2. Am Rapport vum Groupe de Travail Pensions vum 16te Mee 2018 gouf geschriwwen, datt, fir en Equiliber vun der Pensiounskeess ze erreechen, den Emploi bis 2046 tëscht 2,28% an 2,64% pro Joer misst wuessen. Wat sinn d’Pläng vum Minister, fir och den zukünftege Generatiounen eng Pensioun ze garantéieren, wëssend, datt d’Projektioune vu McKinsey drop hiweisen, datt de Wuesstem vum Emploi  bis 2030 net de Seuil vun 2,28% erreeche wäert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2685

Zesummenhang posts

Le parti Pirate a tenu le 29 septembre une conférence de presse sur le sujet “Un monde du travail équitable pour aujourd’hui et demain”.
Am Walkampfofkommes ass festgehaale ginn, dass Ministeren a Ministeschen an der Ausübung vun hirem Mandat wärend der Period vum Walkampf keng bezuelte Reklammen iwwert