Penurien a Kontrolle beim Cannabis

An menge parlamentaresche Froen n°895 a 4282 hat ech de Gesondheetsministère op Ruptures de stock vu medezineschem Cannabis opmierksam gemaach. Deemools gouf wéinst dem Manktem u Cannabis um Maart deelweis entscheet, fir kengen néie Patiente méi ee Cannabis-Traitement ze verschreiwen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn d’Dokteren an d’Apdikten am Viraus informéiert, wann sech eng Penurie u Cannabis undéit? Ginn d’Patienten am Viraus iwwert eng méiglech Penurie informéiert? Falls net, ass geplangt dës Acteuren an Zukunft méi fréi iwwert Ruptures de stock z’informéieren?

  2. Sinn d’Apdikten an d’Doktere schonn iwwert d’Resultater an d’Konklusioune vun der Pilot-Phase informéiert ginn?

  3. Laut DPM (Division de la Pharmacie et des Médicaments) ginn d’Cannabis Produiten op hir Qualitéit a Sécherheet vun de Santésautoritéite kontrolléiert.  Wien féiert dës Kontrollen duerch?

  • No wéi enge Krittäre ginn dës Produite kontrolléiert?
  • Mat wat fir enger Frequenz ginn dës Kontrolle gemaach a wéi vill Kontrollen si bis elo duerchgefouert ginn?
  • Wat waren d’Resultater vun dëse Kontrollen?
  • Ginn d’Dokteren an d’Apdikten iwwert d’Resultater vun dëse Kontrollen informéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4402

Zesummenhang posts

Context: Interpellation n°3075: Perspectives de développement de l’économie luxembourgeoise D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Déi europäesch Zentralbank huet bannent engem Joer de Leetzëns
Dem Busverkéier kënnt eng Schlësselroll beim ëffentlechen Transport an eisem Land zou. Heibäi däerfe mir net nëmmen u Fuerpläng, u Bus-Couloiren an un d’Fuermaterial