Pénurie vun Dreifstoff op Tankstellen

Wéi lessentiel.lu an engem Artikel vum 2te November beriicht, koum et iwwert de vergaangene Weekend zu Versuergunsenkpäss op verschiddenen Tankstellen hei am Land, wouropshin dës Tankstellen hu missten op d’Noutreserv zeréckgräifen, wat awer och net verhënnert huet, dass verschidden Tankstelle ganz ouni Dreifstoff bliwwe sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Aus wéi enge Grënn konnten trotz de strategesche Reserven, déi Lëtzebuerg ugeluecht huet, d’Enkpäss op verschiddenen Tankstellen net verhënnert ginn?

  2. Wéi schnell kënnen déi strategesch Reserven am Besoin vun den Tankstellen ugezaapt ginn?

  3. Mat der Energiewend wäert an Zukunft de Konsum vu fossille Brennstoffer erofgoen. Allerdéngs stellt sech dann d’Fro, wéi een och hei strategesch Reserve kann uleeën an esou Liwwerenkpäss ka verhënneren (zB bei engem gréissere Stroumausfall)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5186

Zesummenhang posts

Context: Interpellation n°3075: Perspectives de développement de l’économie luxembourgeoise D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Déi europäesch Zentralbank huet bannent engem Joer de Leetzëns
Dem Busverkéier kënnt eng Schlësselroll beim ëffentlechen Transport an eisem Land zou. Heibäi däerfe mir net nëmmen u Fuerpläng, u Bus-Couloiren an un d’Fuermaterial