Pensiounslück tëschent de Geschlechter zu Lëtzebuerg

Den 3.02.2021 huet Eurostat eng Recherche zu de Pensiounen an Europa verëffentlecht. D’Donnéeën aus de Joren 2011-2019 weisen, dass an all den EU-Länner, Fraen am Duerchschnëtt manner Pensiouns-Akommes hunn wéi Männer. Dëst Akommes enthält nieft der staatlecher Pensioun a staatlechen Hëllefen och privat Zousazpensiounen.
D’Etüd wéisst, dass an Europa am Duerchschnëtt eng Pensiounslück vun 29% tëschent de Geschlechter besteet. Virreider an der Statistik ass Lëtzebuerg, hei hunn d’Fraen am Duerchschnëtt ganzer 44,2% manner Akommes wéi d’Männer. D’Zuele vun 2019 léien domat op engem identeschen Niveau wéi déi vun 2012. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi erkläert d’Regierung sech sou e groussen Ënnerscheed beim Akommes vun eelere Fraen a Männer?

  2. Wat wëll Lëtzebuerg dogéint ënnerhuelen, fir dës Ënnerscheeder an Zukunft ze verklengeren?

  3. Wéi erkläert sech d’Regierung, dass op déi lescht 7 Joer gekuckt, keng Verbesserung vun dësen Zuelen ze gesinn ass?

  4. D’Pensiouns-Akommes hänkt virun allem vum Akommes wärend de Schaffjoren of. Och hei am Land verdéngt eng Fra oft nach manner wéi hire männlechen Aarbechtskolleeg.
    Wat fir Schrëtt sinn an Zukunft geplangt, fir de Gender Pay Gap weider erofzedrécken?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3580

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene