D’Pirate fuerderen ee Verkafsverbuet vu Pelzprodukter

An der Chamberssëtzung vum 24ten Oktober 2019 hunn d’Piraten eng Motioun agereecht, déi zum Zil huet, de Verkaf vum Pelz nach an dëser Legislaturperiod ze verbidden. Zousätzlech gouf eng Aktualitéitsstonn fir November ugefrot, fir d’Thema mat den anere Parteien an der Chamber ze diskutéieren.

D’Piratepartei wëll de Verkaf vu Pelzer zu Lëtzebuerg mat Hëllef vum Artikel 36 vum Traité zum Fonctionnement vun der EU verbidden, fir esou den Déiereschutz ze stäerken. No enger Transitiounsphas vun 2 bis 3 Joer soll de Verkaf vu Pelzer zu Lëtzebuerg definitiv zu Enn goen. Lëtzebuerg kéint domadder zum europäesche Virreider a Punkto Déiereschutz ginn.

Zum aktuellen Zäitpunkt reegelt d‘Déiereschutzgesetz vun 2018 zwar, dass d’Produktioun vu Pelzer zu Lëtzebuerg verbueden ass, verbitt awer de Verkaf nach net. Dat ass an den Ae vun de Piraten net zilféierend, well d’Pelzindustrie an domat d’Déierequälerei esou just an aner Länner verlagert gëtt.

D’Ëmstänn, deenen d’Déieren an der Pelzproduktioun ausgesat sinn, si konträr zu der Würd vum Déier, déi Lëtzebuerg mam Déiereschutzgesetz vun 2018 unerkannt huet. E Verbuet vum Pelzverkaf ass also just den nächste logesche Schrëtt am Déiereschutzdossier, fir ze verhënneren, dass duerch de Verkaf vu Pelzproduiten um lëtzebuergesche Marché an anere Länner eng Industrie ënnerstëtzt gëtt, déi Liewewiesen onerträgleche Qualen an domat absolut onwierdegen Konditiounen aussetzt.

 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene