Op eis Froen zum Lëtzebuerger Nationalfeierdag an dem LSAP Rousefest am Joer 2016 haten de Schäfferot a Buergermeeschter eis Folgendes geäntwert:
„Ausser der Bereetstellung vun der “J.-F. Kennedy-Plaz”, den Uschlëss vun e puer Chaleten un d’Waasser an d’Elektresch an en Uschloss vun enger ëffentlecher Toilette un de Kanal, huet d’Gemeng Péiteng mat der Organisatioun vum LSAP Rousefest näischt ze di gehat.“
(Äntwert vum 25te Februar 2020)
“Op Grond vun enger Offer vum 31. Mee 2016 vun der Firma O&P Lux vu Wäiswampech goufe verschidden Infrastrukture fir d’Volleksfest vum 22. an 23. Juni 2016 bestallt. De Präis fir dës zwee Deeg vun 8.170 € (HTVA) huet sech zesumme gesat aus der Locatioun vun 1 groussen Zelt (12×30 Meter) mat hëlzenem Buedem an Tapis, 42 Dëscher, 250 Still, 2 klengen Zelter (6×10 Meter) mat hëlzenem Buedem, Beliichtung a Versécherung. Nodréiglech gouf dat grousst Zelt du vun der LSAP Sektioun profitéiert fir d’Organisatioun vum “Rousefest”.”
(Äntwert vum 6ten Abrëll 2020)
Esou wéi den Artikel 25 vum Gemengegesetz et virgesäit, hu mir dem Schäfferot a Buergermeeschter an dem Zesummenhang folgend Nofroe gestallt:
- Waren op der Rechnung fir eis Gemeng den Transport an de Montage verrechent?
Falls jo, wat war de Montant? - Goufen et fir d’Gemeng Péiteng iergendwellech Remisen, Ristournen oder Garantien op dëser Rechnung?
- Huet d’Gemeng, an iergendengem Moment, ëffentlech gemaach, dass d’Zelt kéint fir aner Festivitéite verlount ginn?
- Gouf och anere Parteien an/oder Organisatiounen ugebueden, fir vun deem Zelt kënnen ze profitéieren?
- D‘Rousefest ass héchstwarscheinlech net an nëmmen engem Dag geplangt ginn.
- Wéi koum déi lokal LSAP Sektioun un d‘Informatioun, dass dat Zelt disponibel war a verlount konnt ginn?
- Souz de Moment am Joer 2016 ee Vertrieder vun der LSAP-Sektioun Péiteng am Schäfferot, deen d‘Informatioun iwwert dat Zelt kréie konnt?
- Huet dee Member am Schäfferot zu dem Moment och ee Mandat am Comité vun der LSAP-Sektioun Péiteng gehat?
- Kann de Schäfferot ausschléissen, dass d‘Information vun deem Zelt am Kader vun engem Schäfferotsmandat un déi lokal LSAP-Sektioun weidergaangen ass?
- Gesäit de Schäfferot a Buergermeeschter réckbléckend d’Aart a Weis, wéi Material weidergaangen ass, als verbesserungswierdeg un
- Kënnen de Schäfferot a Buergermeeschter ausschléissen, dass et an der Vergaangenheet (2011 bis 2020) keng weider Fäll gouf, wou d‘LSAP-Sektioun Péiteng vu Gemengematerial- oder Infrastrukture „profitéiert“ huet?
- Kënnen de Schäfferot a Buergermeeschter och ausschléissen, dass et zu weidere méiglechen Interessekonflikter koum, an deenen den LSAP-Vertrieder am Schäfferot, op Firmen, déi fir d‘Gemeng schaffen, fir seng Partei zeréckgegraff huet?
- Wéi wëll de Schäfferot méiglech Interessekonflikter tëschent engem Mandat am Schäfferot a Partei-Interessen an Zukunft verhënneren?
Historique