Staatlech Spionagesoftware verbidden

An engem Communiqué vum 15te Februar huet de Contrôleur européen de la protection des données (CEPD) eng Analys zur Spionagesoftware “Pegasus” gemaach, déi vun der israelescher Firma NSO ausschliisslech u staatlech Institutioune verkaf gëtt. 

De Staatstrojaner hat am Summer fir Skandaler gesuergt, well een Netzwierk vun internationale Journalisten erausfonnt hat, dass Pegasus op Handye vun Aktivisten, Journalisten an Oppositiounspolitiker genotzt gouf. Et ass deemno net auszeschléissen, dass verschidde Regierungen an der EU dësen Trojaner fir politesch motivéiert Spionageaktivitéite benotzen. D’Regierung konnt an den Äntwerten op meng parlamentaresch Froen n°4685 a 4692 net ausschléissen, dass och lëtzebuergesch Persounen an Institutioune vum Spionageskandal betraff waren.

De Communiqué vum 15te Februar léisst kee gutt Hoer un de Praktiken, déi NSO de Staaten mam Gebrauch vu Pegasus a proposéiert a senger véierter Recommandatioun, dass d’EU-Staaten de Gebrauch vun der Pegasus-Software ënnerbanne sollen. Notamment kéint een, nom CEPD, op Basis vum Artikel 83 vum TFEU d’Benotze vu Spyware als kriminell Aktivitéit definéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Regierung mat den Argumenter vum CEPD averstanen, déi ee Verbuet vu staatlecher Spyware, wéi dem Pegasus-Programm, fuerderen?

  2. Wäerten d’Ministeren dem Opruff vum CEPD nokommen a sech am Conseil vun der EU dofir asetzen, dass Spionagesoftware, wéi de Pegasus-Programm, op europäeschem Niveau verbuede ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5777

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene