Am September huet de Minister ugekënnegt, dass d’Software fir de PID, de Payement immédiat direct, mat deem d’Patient:innen hei am Land just nach hiren Deel vun der Rechnung iwwerhuele mussen, prett fir d’Installatioun wier. An enger éischter Linn soll de Programm bei de Generalisten installéiert ginn, äert duerno Zänndokteren an Spezialisten un d’Rei kommen. Gläichzäiteg goufen 625€ pro Installatioun an Aussiicht gestallt, fir den Dokteren een finanziellen Incentive/Ureiz unzebidden.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Bei wéi villen Generalisten ass de Programm fir de Payement immédiat direct bis elo installéiert ginn?
-
Wéi vill Prozent vun alle Generalisten hei am Land sinn antëscht mat dem Programm ekipéiert ginn?
-
Wéini ka mat enger Installatioun bei den Zänndokteren an anere Spezialisten ugefaange ginn?
-
Fir wéi ee Montant goufe bis elo déi fir d’Installatioun proposéierte finanziell Ureizer un Dokteren ausbezuelt?
QP Nummer 10