Context:Séance publique vum 11te Februar 2021
D’Deputéiertechamber stellt fest:
- d’EU-Kommissiounspresidentin Von der Leyen sot “No one is save until everyone is save”;
- den Direkter vun der WHO Adhanom Ghebreyesus sot, dass, “the longer we wait to provide vaccines, tests, and treatments to all countries, the faster the virus will take hold, the potential for more variants will emerge, the greater the chance today’s vaccines could become ineffective, and the harder it will be for all countries to recover”;
- laut British Medical Journal trieden all Mount eng bis zwou néi SARS-CoV-2 Mutatiounen op an am Fall, wou eng méi resistent Mutatioun optrëtt, bréicht d’Fuerschung Méint, fir hier Vaccinen deementspriechend unzepassen;
- d’International Chamber of Commerce huet an engem Rapport am Januar festgehalen, dass “the global economy stands to lose as much as $9.2 trillion if governments fail to ensure developing economy access to COVID-19 vaccines, as much as half of which would fall on advanced economies” a schätzt, dass wirtschaftlech Schied vu bis zu 3,9% vum BIP räiche Länner méiglech sinn;
- de Wirtschaftsminister sot den 10te Februar 2021 an der Chamber, dass d’Covid-19 Impfstoffer sollen “fir jiddereen accessibel sinn” an “ee global ëffentlecht Gutt sinn, ee Bien public mondial, an och als solches da verfügbar sinn”;
Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:
- sech op europäeschem an internationalem Niveau dofir anzesetzen, dass Zwangslizenze fir d’Covid-19 Impfstoffer vergi ginn. Esou wéi et och am EU-Reglement (EC) 816/2006 on compulsory licensing of patents relating to the manufacture of pharmaceutical products for export to countries with public health problems, virgesinn ass.
D’Motioun gouf an d’Aussekommissioun verwisen, do soll se den 15.03 behandelt ginn.
D’Piraten hunn zesummen mat der Majoritéit eng Motioun deposéiert, déi 56 zu 4 ugeholl gouf.