Pascal Clement

Ech engagéiere mech politesch well ech d’Zukunft wëll aktiv matgestalten.

Mäin Numm ass Pascal Clement.
Ech hunn 58 Joer Liewenserfarung, dovu méi wéi 30 Joer Beruffserfarung am Bankensektor a 25 Joer Bühnenerfarung als Zauberkënschtler.

Zënter elo bal 2 Joer sinn ech ‘haaptberuffleche’ Benevole a këmmere mech em Mënschen a Nout.

Ech engagéiere mech, als Bierger an als Politiker, wëll ech net einfach well no kucken, mä selwer aktiv zu engem besseren a respektvolle Mateneen ouni Viruerteeler wëll bei droen.

Ech stinn a fir sozial Gerechtegkeet an e friddlecht Mateneen,
An soen NEEN zu all Form vu Rassismus a Friemenhaass.
Virun 2 Joer hunn mir an eiser Famill e jonke Flüchtling aus dem Afghanistan opgeholl a virun engem Joer ass nach en jonken Eriträer dobäi komm.

An all mengen Aktivitéite stoung a steet de Mënsch ëmmer am Mëttelpunkt.

Dofir si meng Schwéierpunkten : Sozial Gerechtegkeet fir jiddereen, Migratioun an Inclusioun an den Drëtten Alter.

Als Stater Jong an als Petitionär fir en ‘Gratis ëffentlechen Transport’ sinn ech oft a gäre mat Bus an Tram oder och mam Vëlo an eiser schéiner Stad ënnerwee.

Ech lauschteren Iech gären no, an et géif mech freeë wann dir mech géift uschwätze fir mat mir ze poteren.  Dir kënnt mech awer och gäre per Email : pascal.clement@piratepartei.lu uschreiwen oder mech op menger Facebooksäit https://www.facebook.com/pascalpirates/ besichen.

 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt