Participatioun vum Staat un de Centres nationaux am Sport

Laut Aktivitéitsbericht vum Sportsministère sinn am Joer 2023 2.786.818 € als Participatioun vum Staat un de Fonctionnementskäschte vun den nationalen Zentren am Beräich vum Sport budgetiséiert ginn. 206.041 € sinn dovunner un déi verschidde Verbänn gaang, 2.580.777 € u verschidde Gemengen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister, op Basis vum engem Tableau, d’Evolutioun vun dësen Zuele säit dem Joer 2018 produzéieren (opgelëscht pro nationalem Zenter)?

  2. Wéi erkläert de Minister sech d’Evolutioun vun dësen Zuelen?

  3. Op Basis vu wat fir Krittären oder Arrangementer gëtt dës Participatioun vum Staat, pro nationalem Zenter, gerechent?
    Am Fall wou dëst per Konventioun gereegelt wär, vu wéini datéieren dës Konventioune fir déi jeeweileg Zenteren?

  4. An den Aktivitéitsberichter vun de Jore virdru waren nach de „Centre national d’aviation“ zu Näertreg, de „Centre national de Golf“ zu Eeselbuer an de „Centre régional omnisports“ an der Gemeng Parc Housen opgelëscht.
    • Firwat sinn des Zentren net am Aktivitéitsbericht 2023 dran?
    • Wéi vill war do, opgelëscht pro Zenter, d’Participatioun vum Staat säit dem Joer 2018 an op Basis vu wat fir enge Krittären?

  5. Laut dem Aktivitéitsbericht vun 2020 war den éischten Decompte vum “Centre national de canoë kayak” zu Dikrech fir ufanks 2021 ugeduecht. Och dësen nationalen Zenter ass am Aktivitéitsbericht vum Sportsministère am Joer 2023 net opgelëscht.
    • Wéi erkläert sech de Minister dëst, obschonn et dësen Zenter scho säit 2018 gëtt?
    • Wéi ass do Participatioun vum Staat säit 2018?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 804

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt