Partenariat LIST mat Kosmetikfirma

Am Magasinn Merkur vum November kann ee liesen, dass de Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) sech mat enger Firma zesummegedoen huet, déi Recherchen am Beräich vun der Kosmetik mëscht, fir een “ingrédient cosmétique naturel innovant” ze produzéieren. Sollt dëse Projet geléngen, hoffen déi 2 Partner “[de] générer un nouveau portefeuille de brevets”.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert dësen neien “Ingrédient cosmétique” un Déiere getest ginn?

  2. Wann de Projet ee Succès ass, wäerten dës Patenter, déi sollen ugefrot ginn, an ëffentlecher Hand bleiwen oder ass geplangt, dass se an de Besëtz vun der privater Firma ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5301

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt