Parteileedung vum 6.10.2021

12h00 – 14h00

Present: Camille, Sven, Marc, Gilles, Rebecca, Daniel

Bäigeschalt: Libor, Lucie, Christian, Starsky, Jo, Raymond, Gerald.

Gäscht: Personal (Fraktioun & Partei)

–> D’Parteileedung ass deemno beschlossfäeg.

Rapporter: Gilles

1. Verfassungsreform & Referendum

Positionéierung vun der Partei zum Thema. Mir hunn am Walprogramm méi Biergerbedeelegung a wëlle méi Referenden.

4 Verfassungstexter sinn esou gutt fir matzestëmmen, mee et geet net duer, mir wëlle Biergerbedeelegung. Dofir gëtt folgend Kampagn gemaach

1) Ur-Wahl un d’Piraten-Memberen (Bréifwal) wéi si zu den Ännerungstexter stinn

2) Campagne “Jo zum Referendum”

–> Sammele vun Nimm, Adressen a Kontaktdonnéeën vun Ënnerstëtzer vun engem Referendum mobiliséieren.

25000 Leit op d’Gemengen. Packe mer eventuell net, mee op mannst setze mer eis fir Biergerbedeelegung an, mobiliséieren d’Leit.

Meenung vun der Parteileedung:

Dan: Gutt Iddi, de Bierger soll decidéieren, richtege Wee.

Raymond: Ganz d’Accord fir en ze organiséieren. Leit alleguerten d’Chance ginn fir sech kënnen z’äusseren.

Lucie: Ganz gutt Iddi

Christian (Jopis): Iergendeng Form vu Referendum muss do sinn. Do komme mer net derlaanscht..

Camille: Iddi gutt. Detailfro: mir gi bei d’Leit, mee wat ass d’Basis? Gi mir bei d’Leit oder huele mer d’Wielerlëschten?

Erklärung: Urwald bei eise Membere mat engem Envoi-Réponse.

Parallel eng Websäit (matbestemmung.lu oder sou änlech) mat engem Formular, wou jiddereen sech kann androe loossen (Internet, Physesch)

Personal: et entsprëcht eiser Partei. Mir mussen zu deem stoen vun deem mer iwwerzeegt sinn.

Froen zur Verfassungsreform

Raymond: sech net vum ADR beaflosse loossen. Mir si eng biergerno Partei, mir sollten eis net vum ADR beaflosse loossen.

Fro zum Artikel 36: Constat de l’Urgence vum Grand-Duc. Wien beréit wéini d’Chamber net méi prett ass fir ze legiferéieren? Kéinten an engem Etat de Crise d’Chamberwalen annuléiert ginn?

Sven: Berodungsgremium: de Büro vun der Chamber, dee selwer seet en ass net fäeg.

Raymond: Fro vun der Opléisung vun der Chamber ass eng Prerogativ vum Grand-Duc, an Zukunft dierf d’Chamber sech selwer opléisen. Regulär Walen ginn net ënnerbrach an engem Etat de Crise. Kéint kokass ginn wann een Etat de Crise an ee Waljoer fält. Iddi ass net fir d’Walen auszesetzen. D’Justiz ass och nach do fir do z’intervenéieren.

Fro Artikel 28: Secret postal. Formuléierung vum Text schwammeg an almoudesch.

Laang Diskussiounen an der Kommissioun. Punkt ass dass d’Post eng Mission publique huet. Dofir ass et op de Bréif limitéiert ginn. Problem mam Internet. Mailen kënnen och vun aneren internationalen Institutiounen duerchgekuckt ginn. Bréiwer si kloer iwwert wiem säi Kanal se weidergereecht ginn. An der Praxis dierft nëmmen een OPJ ee Kommunikatiousnmedium konfiszéieren.

 Vott fir d’Campagne zur Verfassungsreform duerchzeféieren: eestëmmeg dofir

 Meenung zur Verassungsännerung: eestëmmeg dofir

2. Stagiairen rekrutéieren fir d’Referendumscampagne + Member rekrutéieren

 Sektioun Stad wollt ufänken ee Stagiaire anzestellen fir weider Member an der Stad ze rekrutéieren. Pilotprojet, wann dat gutt funktionéiert kann een dat an anere Sektiounen aféieren.

Aufgabe vun der Stagiairen:

  • Memberen/Sympathisante rekrutéieren
  • Hëllef Braderien & Eventer
  • Social Media preparéieren

Marc: wollt et an alle Bezierker opdeelen. Wier eventuell besser et am Bezierk ze maachen. Vu dass mer och Stagiairen fir de Referendum wäerten hunn, kéint een de Bezierker déi wëllen dat direkt ubidden. Wier preferabel de Bezierk ofzedecken. Kéint een an der Stad ufänken.

Sven: Fan fir jonk Leit bei eis matmaachen ze loossen. Verfréit fir nëmmen enger Sektioun et ze ginn. Wier gutt tëscht engem 1 a 4 Leit ze hunn fir d’Referendumscampagne duerchzeféieren an am gläichen Zuch och d’Leit froe fir Member ze ginn. Muss ee sech bewosst sinn dass déi leit net 40h schaffen (et si Stagiairen, muss an engem realistesche Kader stattfanne). Kann awer fir Social Media Contents eisem Personal behëlleflech sinn.

 Daniel: gutt Saach. Mee wou fanne mer déi? Wichteg och se GUDD z’encadréieren. Op Braderien brauchs de virun allem Leit, déi wësse vu wat ze schwätzen.

Rebecca: Beispill beim ECG. Gëtt natierlech gefiltert an de Rekrutement gëtt no enger strikter Prozedur organiséiert. Keng Vetternwirtschaft.

Camille: Multitasking: Social Media, Präsens dobausse weisen op Braderien an Events. Mir brauche Leit di Samschdes a Sonndes disponibel sinn, déi hëllefe kënnen. A priori eng gutt Iddi.

Lucie: Kloer encadréieren.

Sven: mir missten d’Erfarung am Personal hunn, fir déi gutt z’encadréieren. Käschte sinn iwwerschaubar. Risiko ass et der Wäert.

Libor: op den Encadrement oppassen.

Daniel: Wichteg ass, dass zesummegeschafft gëtt. Bezierksiwwergräifend, sektiounsiwwergräifend.

Fro vum Verdeelungsschlëssel. Et ass kloer wann zu Iechternach eng Braderie ass, dass dann di 4 dohinner ginn.

Personal: et ass laangwiereg, muss ee Vertrauen opbauen, brauch ee Leit mat politeschem Gespier. Wier frou bei der Selektioun d’Leit mat erauszesichen. Step by step, gutt coachen, mat de Referenden ufänken an duerno.

Gilles: Prinzipiell d’Accord an och wichteg, d’Responsabilitéiten net exklusiv op d’Stagiairen ofzewälzen.

 Vott vun der Parteileedung fir d’Stagiairen anzestellen ënnert dem Rebecca senger Responsabilitéit: eestëmmeg dofir.

3. CAE

CAEKontrakt leeft aus. 

Mir hunn 2 potenziell Nofollger. Plädoyer fir ee Jong, dee BPI ass (21 Joer). Hien huet awer nach kee Führerschäin. Zweete Jong: wëll Lëtzebuerger ginn a wëll bei d’Arméi goen (23 Joer). Misste mat der ADEM kucken, ob si eligibel wieren. Huet de Führerschäin, kéint eng gutt Iwwergangsléisung sinn

Partei huet zënter 2014 Aarbechtsplaatze geschafft, fir Leit hei am Land ee Support ze ginn. Mir schwätzen net nëmmen iwwert Integratioun, mee mir liewen se vir. Mir maachen.

Brauchen och den Accord vun der ADEM fir 2 Stéck.

 Vott fir weiderhin eng oder zwou Persounen iwwert een CAE anzestellen (och en Vue vu Campagnen) an den aktuelle Kontrakt net ze verlängeren: eestëmmeg dofir

4. Geld fir ee Wifi-Stéck zu Koplescht fir den Nuki

 Accord

5. Parteiauto

Fir Abus’en mam Auto z’evitéieren an ze verhënneren, dass Personal owes mam Auto ënnerwee ass. Optimal wier een digitaalt Faahrtebuch (datespuersam a keen Tracking).

Faahrtebuch klassesch maachen. Kann een asetzen, muss awer och kontrolléiert ginn, wann d’Angaben Nonsens sinn, da kritt d’Persoun den Auto net méi.

Et gëtt ee Logbuch fir den Auto. Ass awer net ausgefëllt. Ass eng Saach vu Kontroll. Ass och eng Vertrauenssaach dobäi.

Méiglech Sanktioun: Auto wechhuelen a wann néideg, Avertissement. Et dierf keng Optioun sinn d’Logbuch net auszefëllen.

Gilles freet ee Mol d’Woch d’Logbuch wëchentlech of (Freides mëttes).

Bei Verfeelungen: direkt schrëftlechen Avertissement.

 Vott:  eestëmmeg ugeholl

6. CRM-Membersfichier

 Gouf aktualiséiert a gebotzt. Vill nei Memberen dobäikomm 70 zënter Januar.

Duerchschnëttsalter: 41 Joer.

40 bis 50 Järeger am meeschte vertratt.

Merci un d’Personal.

7. Komplementarwalen Colmar-Bierg: 

Mandy Arendt trëtt mat eiser Hëllef un. Mir ënnerstëtzen dat. 

 Mat der Kandidatin kucken, wat et wëll vun Ënnerstëtzung. Koordinatioun mam Personal. Diskussiounen ëm d’Implicatioun vun der Partei.

8. Abroch am HQ zu Koplescht

Police gouf geruff an den HQ gouf komplett geraumt (no Vandalismus). Merci un d’Personal fir d’Raumen. Dossier aktuell bei der Assurance.

9. Devis fir ee Refresh vum HQ 

Dévis fir eng Kéier ze renovéieren :

Ustrach, Pressewand & Schapp.


Schapp: entweder ee falsche Buedem. Oder een Zelt opstellen.

Och ufänken fir d’Daachstänner propper ze maachen. (Stagiaires, CAE)

10. Events

Monatlech, wou Membere kënne kommen.  

1 Patt de Mount.

Elo Hierschtfest/Halloweenparty (Datum festzesetzen), duerno eventuell am Dezember Boot. 

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat