Parteileedung vum 6te Februar 2023

Kick-off Meeting – Debrief

De Sonndeg, 5te Februar hate gouf ee klenge KickOff-Meeting vun der Parteileedung zesumme mat de Sektiounen a Kandidaten organiséiert. De Feedback vun dësem Event ass positiv.

Aarbechtsgruppen fir de Walprogramm

Diskussioun iwwert d’Opstelle vun den Aarbechtsgruppe vum Walprogramm. D’Memberen wäerten heizou nach eng schrëftlech Invitatioun fir d’Aarbechtsgruppe geschéckt kréien. Den Input soll och kënnen online iwwert ahoi@piraten.lu abruecht ginn. D’Datumer ginn och fréihzäiteg matgedeelt. 

Aktuelle Stand vun de Sektiounen fir d’Gemengewalen 

D’Sektiounen si gebieden, een Tableau an der Cloud auszefëllen, fir de Suivi vun hiere Kandidatelëschten ze maachen. 

Nodeems di offiziell Dokumenter erauskommen, setze mer dës op eis Cloud fir en Austausch mat de Sektiounen. 

Tour de Table, wou d’Bezierkskoordinatoren den aktuelle Stand vun de Lëschten gemaach hunn.

Flyeren Verdeelung – Debrief

Flyeraktioun ass net optimal ofgelaf. An Zukunft ginn d’Flyeren méi vun de Sektioune selwer verdeelt. 

Website & App : aktuelle Stand 

D’Rebecca mécht aktuell de Suivi vun der Website souwéi eisme CRM.

De Gesamtkäschtepunkt 2022 fir d’Website an d’App gouf de Parteileedung virgestallt.

HQ Kopstal

Opraumen a Neigestaltung vun eise Büroen.

Nieft dem Konferenzraum soll eng Lounge opgebaut ginn mat engem Canapé, Puffen, Drinks, etc. wéi fréier. Mir wäerte keng nei Saache kafen, mee op Secondhand zeréckgräifen. Ëmwandlung vun engem Büro an een Open Space. 

Pressekonferenz zum Thema Transparenz an de Gemengen

Wäert vun der Parteileedung nach organiséiert ginn.

Datumer fir de Landeskongresser

D’Parteileedung huet dës Datumer festgehalen, wou d’Nationalkongresser solle stattfannen :

n°1 Donneschdes, de 4te Mee 2023 

n°2 Freides, den 1te September 2023. 

De Walprogramm wäert de Piraten virun dem zweete Kongress virgeluecht ginn an zum Vott gestallt ginn. 

Kaderprogramm Gemengewalen 2023  

Een Entworf vun Gemengen-Kaderprogramm ass un d’Participanten vun den Aarbechtsgruppen souwéi un d’Sektiounen an d’Parteileedung erausgaangen. 

D’Dokument soll bis Enn Februar op Basis vun de leschten Avisen finaliséiert ginn. All Interesséierte Member kann säin Avis bis zum Vott vum Programm um Kongress ofginn.

D’Sektiounen schaffen op där Basis hier eege Programmer aus. 

Ofwiesend an entschëllegt : Starsky.

D’Parteileedung war beschlossfäheg.

Zesummenhang posts

Den LCGB huet matgedeelt, datt d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten astellt an ee Repreneur sicht. D’Firma schafft fir eng Villzuel u staatleche Verwaltungen, parastaatlechen
Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen