Aarbechtsgruppen fir de Walprogramm 2023 : wou si mer drun ?
D’Parteileedung hat de 5/2 verschidden Datumer fir d’Ofhalen vun Aarbechtsgruppen festgehalen. Et gouf een Opruff gemaach per Rundmail un all d’Memberen de 24te Februar.
An de vergaangene Joren goufen iwwerdeems Aarbechtsgruppe zum Thema Ëmwelt, Liewensqualitéit, Logement, Landesplanung an nach fir de Gemengewalenkaderprogramm gemaach.
D’Inhalter sinn alleguerten zesummegedroe ginn an d’Partei këmmert sech zesumme mat der Fraktioun elo drëms déi Inhalter an eng Form ze géissen.
D’Parteileedung erënnert d’Piraten och nach drun, dass si op www.mengleisung.lu hir Iddien zum Walprogramm kënnen beiginn.
Deadline fir d’Finaliséierung vum WaLprogramm ass de 15ten August. Déi lescht Aarbechtsgruppe sollten dofir bis Enn Juli ofschléissen. D’Parteileedung wäert a senger nächster Sitzung iwwert verschidde Punkten am Walprogramm diskutéieren.
D’Attachéeën aus der Fraktioun këmmeren sech dorëm.
Lëschten fir d’Chamberswalen – aktuelle Stand
Diskussioun vun de Bezierkskoordinatoren iwwert d’Zesummesetzung vun de Lëschten an de verschiddene Bezierker. Dës Lëschten ginn op de jeeweilege Bezierkskongresser presentéiert an dann do ofgestëmmt.
Info fir den Depot vun de Lëschten :
- Osten : nach keng Informatiounen. Waarden op den Avis an der Zeitung.
- Norden : Geriicht Dikrech uruffen fir den Depôt.
- Zentrum : Depôt 14/7
- Süden : Depôt de 15/7
D’Lëschten ginn opgestallt an alphabetescher Reihenfolge mat engem paritéitesche Spëtzekandidatenduo (beschloss op der leschte Parteileedung).
Foto-Sessioun
Et gëtt eng Foto-Sessioun fir d’Kandidaten de 15te Juli organiséiert. Den Eric mécht do ee Kalenner, wou d’Kandidaten kënnen uginn, wéini se Zäit hunn. D’Kandidaten sollen hei all d’Zeiten uginn, wou se deen Dag Zäit hunn.
Et ass keen aneren Datum geplangt. D’Alternativ ass entweder eng Foto beim Eric viru wäissem Hannergrond oder eng privat Foto bei engem Fotograf op eege Käschten.
Code vestimentaire : authentesch & serieux.
Adress : Op Nofro beim Eric.
Grafiker
Demande vum Marc fir 2 Grafiker als Freelance anzestellen, déi eis scho fir d’Gemengewalen gehollef hunn à 40h/Stonn.
Accord vun der Parteileedung.
Informatioun zu den Table Rondes bis Oktober
3 Tables ronden, déi vun der ALIA festgeluecht goufen :
Informatioun zu den Table Rondes bis Oktober
3 Tables ronden, déi vun der ALIA festgeluecht goufen :
- RTL Télé Lëtzebuerg : minimum 90 minutes
- RTL Radio Lëtzebuerg : minimum 90 minutes
- radio 100,7 : minimum 90 minutes
Doriwwer eraus kommen awer nach aner Formater vun RTL a Co.
Material, Motiver an Affichen fir d’Kampagne CHD2023
Presentatioun vum Affichematerial fir d’Chamberswalen, de Präisser, eisem Budget an der Taktik fir d’Bestellung vun den Affichen. Detailer ginn aus waltaktesche Grënn am Huis clos gehalen. D’Proposen, déi an engem separaten Dokument virgestellt goufen, goufen vun der Parteileedung ugeholl.
Vott am Huis clos fir ee Modell
All weidere Flyer an online Kommunikatioun, deen erausgeet, soll mat de nationale Spëtzekandidat :innen ofgeschwat ginn.
Huis clos : Timeline bis d’Chamberswalen
Presentatioun vum Planing bis d’Chamberswalen. Aus taktesche Grënn net hei festgehalen (Huis clos).
Huis clos : Pressekonferenzen
Aus taktesche Grënn am Huis clos diskutéiert.
Huis clos : Diskussiounen mat der Sektioun Stad
Vum Präsidium waren ofwiesend : Rebecca, Starsky, Daniel.
De Präsidium war domadder beschlossfäheg.
Déi nächst Parteileedung ass de 17te Juli.
***