Ufank um 19h10
Walresultater Gemengewalen
Den 11te Juni waren d’Gemengewalen. D’Resultater si bekannt an eis Erwaardungen goufen erfëllt. Ee décke Merci un all d’Kandidaten :innen a Felicitatiounen a vill Erfollëg eisen neien Gemengeconseilleren.
Sektiounen, déi keen Erfolleg haten soe mer och ee grousse Merci fir hir Aarbecht. D’Bezierkskoordinatoren vum Kanton Capellen an Osten beriichten, dass si weider hei opbauen fir an den nächste Walen a méi Gemengen präsent ze sinn.
Walausgang : vill Leit, déi net wossten wéi een ofstëmmt (ongëlteg oder net all hir Stëmmen genotzt). Hei kënne mer fir d’Chamberswalen méi Opklärungsaarbecht maachen an eiser Kommunikatioun.
Klengen Debriefing vun de Walen (Huis clos aus strategesche Grënn).
Bezierksfinanzéierung 2024
D’Parteileedung felicitéiert nach eng Kéier de Sektiounen fir hiert d’Resultat. Well gewosst ass, dass d’Käschte vum Gemengewalkampf héich waren, huet d’Parteileedung eng Prime unique fir 2024 beschloss : all Bezierk kritt 1000€ pro Mandat am Bezierk iwwerwisen (kommunal an national)
Rechnung 1Vision
Accord vun der Paerteileedung fir d’Leeschtungen, déi erbruecht goufen (mat enger Remise) ze bezuelen.
Bezierkskongresser
D’Bezierkskoordinatoren deele mat, dass d’Bezierkskongresser op folgenden Datumer festgeluecht sinn :
Zentrum : Freiden, 14te Juli zu Colmar-Bierg ab 18h00
Süden : Samschden, 22te Juli zu Käerjeng ab 17h00
Norden : Sonnden, 23te Juli zu Ell oder Viichten (à confirmer) ab 18h00
Osten : Sonnden, 30te Juli an der Ecluse zu Stadtbredimus ab 11h00
Jiddereen ass wëllkomm. Op de Kongresser wäerten d’Lëschten gestëmmt ginn fir d’Chamberswalen.
Reegel fir de Ranking vun de Lëschten : no de Spëtzekandidaten ginn d’Kandidaten :innen nom Alphabet zortéiert.
Chamberswalen 2023
- Erklärungen an Diskussiounen rondërem de Walbudget 2023
- Crowdfunding organiséieren, wou d’Memberen een Don fir d’Campagne kënne maachen. (Sven)
De Marc huet deelt mat, dass déi national Kampagne vun der Parteileedung soll gemanaged ginn an hei di grouss Entscheedungen geholl ginn par Rapport zu den Motiver, Layout, etc. Op Bezierksniveau kënnen sech Walteams bilden mam Support vum Comité an de Kandidaten.
Fir d’Bestellungen : d’Commanden gi vun der Parteileedung ofgeseent. Et gëtt ee Budget vun der Parteileedung fixéiert, wat d’Bezierker vu Material kréien.
D’Bezierker sollen hir Propose bis Ufank August maachen, fir d’Quantitéiten bestätegt an den Dévis akzeptéiert ze kréien.
Piaggio
Fro vum Marie-Marthe betreffend der Reparatur vun der Piaggio a Renvoi op d’Decisioun vun der Parteileedung vum 17.4.2023 : d’Piaggio dierf bis maximal 2200€ reparéiert ginn.
Vum Präsidium waren net do an entschëllegt : Mandy, Rebecca, Raymond. D’Parteileedung war domadder stëmmberechtegt.
D’Parteileedung war um 22h30 fäerdeg.