Parteileedung vum 1.8.2022

Published by Gilles Mertz on

Ordre du Jour

  1. Organisatioun Wahlen 2023
  2. Memberen
  3. HQ Kopstal
  4. Enquête ALIA – Decisioun
  5. Dévis Wahlplattform Asamblea (Dario)
  6. Mailinglëscht Parteileedung
  7. OGBL zu Esch – Neiegkeeten
  8. Summercamp Piratenpartei Däitschland
  9. Divers

 

Ofwiesend : Rebecca, Emilie, Jo, Gerald, Christian 

–>d’Parteileedung ass beschlossfäheg.

Start : 18h00

 

1.   Organisatioun Wahlen 2023 

Wichteg Datumer:

  • 5ten Oktober 2022 (5/10/2022) ab 18h00 : Präsentatioun mat all de Sektiounen
  • den 10ten Dezember 2022 (10/12/2022) maximal muss een als Kandidat a senger Gemeng ugemellt sinn !
  • spéitstens den 11ten Abrëll 2023 (11/4/2023) muss d’Lëscht an der jeeweileger Gemeng deposéiert sinn. Dépôt méiglech ab dem 6ten Abrëll 2023. 
  • 50 Ënnerschrëften+Numm/Virnumm/Adress + Extrait Etat civil
    • oder 1 Gemengeconseiller ënnerschreift fir d’Lëscht.
    • Verschidde Gemengen erstellen de Certificat de Résidence, aner Gemengen liwweren déi mat der Lëscht.

 Decisioun : Leit déi an de Sektiounen online Werbung schalte wëllen, mussen et iwwert Partei maachen (Parteifinanzéierungsgesetz). Dat heescht, wann ee Facebook-Pub mécht, muss et bei der Partei gemellt ginn an d’Rechnung muss gehale ginn. 

  

2. Memberen- aktuelle Stand

Stand Memberen 31/7/2022 : 541 Memberen

3. HQ Kopstal

Den HQ gouf gebotzt, d’Fënster gouf nom Abroch am September gefléckt an de Schapp virun de Büroen renovéiert.. Den NUKI un der Entréesdier gouf duerch een neie Modell ersat a funktionnéiert elo. Fir Accès ze kréien, einfach de Starsky froen.

Ee vun eise Räim gëtt aktuell vun engem Locataire gelouhnt. De Gilles + Starsky këmmeren ëm de Suivi vum HQ mam Locataire. 

4.   Enquête ALIA 

D’ALIA huet eis ee Questionnaire zoukomme gelooss mat Froen zur Wahlkampagne. D’Parteileedung ka bis den 10ten August seng Virschléi/Meenungen eraginn an di gëtt dann per Ëmlafbeschloss per Mail gevoted.

 5.   Dévis Wahlplattform Asamblea

 Et geet dorëms, dass mer vun engem Pirat aus Katalounien eng Plattform gestallt kréien, déi mer benotze kënnen fir Online-Voten (Kongresser) an och fir d’Chambersaarbecht (Beispill Referendumskampagne).   

Demande fir ee Budget vu maximal 1000€ fir mam Developer et op eis Besoinen unzepassen.

Vott : Ugeholl ouni Géigestëmm

6.   Iddisplattform fir d’Memberen

Fir Iddien ze sammelen, existéiert schonns eng Plattform vun den islänneschen Piraten. D’Memberen kënnen dann hier Iddien hei eraseetz. Gouf schonn fir d’Impfflicht Fro benotzt. 

Plattform leeft, et muss een de Link erstellen: https://pplu.yrpri.org

 

7.   Summercamp Piratenpartei Däitschland

Iwwert d’Zukunft vum Piraten-Mouvement. D’Marie-Marthe ass gewëllt matzegoen. Am Newsletter froen mer nach Memberen maachen, déi och wëlle matgoen. Deadline fir sech unzemellen ass bis de 16.8.2022.

Decisioun: Bensin/Stroum fir den Déplacement gi bezuehlt an d’Partei iwwerhëllt och een Deel vun de Logementskäschten.

8.  Situatioun an de Bezierker

Parteileedung freet sech doriwwer, dass een neien Bezierkscomité Norden ka gegrënnt ginn. Den National schéckt d’Invitatiounen eraus fir de Bezierk. De Bezierkskongress gëtt organiséiert fir September.

Fir den Zentrum gouf d’Period vum 10ten bis 16ten Oktober als Datum fir ee Kongress festgehalen.

Erënnerung, dass all Bezierk nach seng AG ofhale soll bis den 31.12.2022. All Koordinator soll dem Conseiller politique een Datum schécken an den National verschéckt da wéi ëmmer d’Invitatiounen.  

 9. Huis clos 

Enn vun der Sitzung um 21h00

 

 

 

 

 

 

Categories: Interna

0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.