Bilan nom Depot vun de Kandidatelëschten fir d’Gemengewalen
218 Kandidaten a 27 Gemengen.
Norden (8 Piraten)
Réiden : 2
Useldeng : 1
Viichten : 1
Weiswampech : 1
Ell : 1
Esch/Sauer : 1
Vianden : 1
Osten (37 Piraten)
Remich : 11
Betzder : 11
Grevenmacher : 11
Schengen : 2 vun 11 (Proporzgemeng)
Bous : 1
Dalheim : 1
Waldbredimus : 1
Zentrum (46 Piraten)
Stad : 27
Hesper : 17
Majorz Colmar-Berg : 2
Süden (127 Piraten)
Leideleng 1 (Majorz) :
Kielen 10 (vun 13)
Käerjeng 15
Péiteng 19
Déifferdéng 19
Suessem 17
Esch 19
Kayl/Téiteng 13
Monnerech 13
Kopstal 1 (vun 11)
Finanziell Hëllefen fir d’Sektiounen
D’Parteileedung krut nach eng Kéier erkläert, wéi eng Hëllefne si fir d’Gemengewalen wäerte kréien. Aus taktesche Grënn gouf decidéiert, dëse Punkt am Huis Clos ze halen. Kandidaten kënne sech bei hierem Bezierkskoordinator informéieren, wat decidéiert gouf.
Finanzen: Werbung op Social Media. Rappel vun der Prozedur
Kandidaten, déi hir Werbung wëlle maachen, solle sech heifir mam Koordinator vum Bezierk zesummesetzen.
Prozedur :
- Iwwerweisung op de Parteikonto (LU67 0019 3255 6480 6000) an Héicht vun deem, wat u Werbung gewollt ass mam Vermierk « Social Media + Numm vum Kandidat + Bezierk »
ODER am Piraten Shop iwwert de Kaf vum Produkt « Don ». - D’Werbung fir de Kandidat leeft iwwert d’VISA vum Bezierk. Mir hunn pro Bezierk eng VISA-Kaart.
- Suen gi vum Tresorier op d’VISA gesat. D’Rechnungen ginn esou bezuelt.
- D’Kandidaten oder de Bezierk schécken hir Rechnungen op gilles@piraten.lu
Reparatur vun der Piaggio
Nom Abroch 2021 goufe vill Pabeieren verluer, dofir huet den TüV Rheinland misste eng komplett Kontroll vun der Piaggio maachen. D’Käschte goufe vum Marie-Marthe iwwerholl a solle rembourséiert ginn. Als nächst soll eng performant Batterie an d’Piaggio agebaut ginn.
Accord vun der Parteileedung fir d’Käschten heifir ze bezuelen.
Organisatioun vund e Gemengewalen
- D’Motiver kënnen ab nächster Woch ausgewielt ginn an engem Online-Shop bestallt ginn. Bezierker sollen d’Commanden a Koordinatioun mat hiere Sektiounen maachen.
- D’Kontroll gëtt vum National um Shop iwwerpréift an da gëtt gekuckt, ob d’Bezierker an hierem Budget sinn. D’Sektiounen kréien dat vum National gestallt, wat se vun de Motiver am Shop ufroen. Just déi national Motiver gi vun der Partei iwwerholl.
All weider Ausgab geet iwwert de Budget vun der Sektioun (Kandidaten kënnen dofir een Don maachen op de Parteikonto (LU67 0019 3255 6480 6000), wat u Werbung gewollt ass mam Vermierk « Don + Numm vum Bezierk » - All Sektioun kritt vum National 4 Plakater (HKP) pro Kandidat gestallt. De Rescht geet iwwert de Sektiounsbudget
- Liwwerung vum Material méiglech op Kopstal oder an de Büro op Péiteng.
Opstelle vun der Kampagne : wéi geet dat ?
Permis de voirie fir Schëlder opzestellen ass vun der Partei ugefrot (4/4/2023). Dëse Permis gëllt fir d’Nationalstroossen an CRen. Fir d’Gemengestroossen frot an Ärer Gemeng no, wat der dierft.Beim Opstelle vun der Schëlder Reegelen an Indikatiounen vu Ponts&Chaussées respektéieren. 50 Meter vu Kräizungen a Rondpoints ewech, net op d’Poteauen wou Stroosseschëlder drop stinn.
Um Privatterrain ass bal alles erlaabt, minimum 50 cm vun der Strooss.
D’Partei huet zwou Camionette gelouhnt. Déi kënnen genotzt ginn, fir d’Bauzonken an d’Holzstänneren opzestellen.
Emplacementer vun den offizielle Panneaux’en kënnt dir bei der Gemeng ufroen. Do musse Posteren (Plakater) drop gepäscht ginn. De Päsch an d’Pinselen stellt d’Partei och zur Verfügung.
Mail adresse ahoi.lu
Ben Polidori (ben@piraten.lu) uschreiwen, fir all Fro betreffend der @ahoi.lu-Adress. All Kandidat kann esou eng Adress ufroen.
Dofir brauch de Ben :
- eng aktiv Mail Adress
- Virnumm an Numm
- Eng Handysnummer.
Divers
Blumme fir Mammendag 19te Mee
D’Partei leet all Sektioun, déi wëll, 30 Cent pro Blumm fir Mammendag bei.
Programmpunkt fir d’Stad : Bëschkierfecht fir Hausdéieren
Demande vun der Stad, fir nach ee Punkt an de Kaderprogramm beizesetzen. Keen Accord.
Demande fir d’Kommunikatioun vu Parteileedungen och iwwer Mail lafen ze loossen
Accord.
Vum Präsidium waren ofwiesend an entschëllegt : Daniel Frères, Rebecca Lau
D’Sitzung war um 21h00 fäerdeg.