All d’Membere vum Präsidium sinn uwiesend an deemno ass d’Parteileedung ass beschlossfäeg [Satzung, Artikel §10(b) Paragraf (7)].
- Ufro vu Fokus
Kontaktopnahm vun de Vetrieder vu Fokus an Diskussioun iwwert eng méiglech Kooperatioun mat hinnen.
Evaluatioun vun den Opportunitéiten, Risiken a fréieren Erfarungen (PiD) duerch d’Membere vun der Parteileedung. Estimatioun vum Impakt vun esou enger Kooperatioun. Diskussiounen iwwert d‘Ambitiounen an d‘Strategie vun eiser Partei.
–> Decisioun vun der Parteileedung: Aktuell gesi mer net de Moment fir eng verdéifte Kooperatioun.
2. Aktuelle Stand – Lëschten an de Sektiounen (Marc)
Zentrum: d’Stad Lëtzebuerg huet seng Kandidaten. Hesper ass um gudde Wée fir eng voll Lëscht. Colmar-Bierg ass mat 2 Piraten präsent. A weidere 4 Gemengen ginn aktuell aktiv Kandidaten gesicht ginn.
Süden: 8 Proporzgemengen am Bléck, 2 si komplett (Péiteng a Kayl)
Osten: Gemeng Réimech kritt eng komplett Equipp. Mondorf, Waasserbëlleg, Jonglënster, a Schengen sinn am Opbau.
Norden: Piraten a verschiddene Majorzgemengen: Réiden, Useldange & Viichten.
Aussichten op Lëschten zu Park Housen & Weiswampech.
3. Compta 2022 & Finanzen 2023 (Gilles)
De Bilan 2022 ass esou gudd ewéi opgestallt. D’Eegerecetten fir 2022 goufen erreescht.
Dotation Memberen 2022:
Presentatioun vum Tresorier, wat all Bezierk u Membersbäiträg an Dotatiounen fir 2023 zegutt huet.
–> Vott: accord
Fro: Wat mussen d’Bezierker fir de Walkampf budgetiséieren?
Gemengewahlen: National Motiver fir Bauzonken an Hohlkammerplakater gi vum National bezuelt. d‘Kandidateplakater musse vum Bezierk gestallt ginn.
4. Walteam 2023 (Marc)
Opnahm vum Ben Polidori als Member fir d’Walteam als IT-Beopdragten.
–> Vott: Jo (unanime)
5. Walofkommes 2023 tëschent de Parteien
Haut war di lescht Sitzung tëschent de Parteien fir ee gemeinsaamt Walofkommes auszehandleen. De Punkt vun de Piraten gouf finalement ugehol, dass d’Schäfferéit an d’Ministeren keng Werbung iwwert d’Mëttelen vun der Gemeng&Ministère dierfe bezuelen (z.B. Edukatiounsminister dierf keng bezuelte Facebook –Posts wärend der Walkampagne mam Konto vum Ministère maachen). Exceptioun: Informatiounsflicht vun de Mandatairen. D’Walofkommes gëtt de Méinden 23te Janaur vun de Vertrieder vun de Parteien ënnerschriwwen.
Den 13te Mee Samschdes dierf een d’Panneaux’en fir d’Gemengewalen opriichten.
Fir d’Nationalwahlen kann ab dem 2te September opgeriicht ginn.
Vermëttlung vum Inhalt vum Accord un déi uwiesend Memberen vun der Parteileedung. All d’Kandidaten mussen. iwwert d’Reegelen vum Ofkomme sinforméiert ginn.
–> Decisioun: de Koordinator wäert fir d’Piraten mat ënnerschreiwen.
–> Vott : JO (unanime)
6. Informatiounsnott Kommunikatioun (Marc)
Dem Sekretariat (ahoi@) Bescheed soen, éiert d’Bezierker a Sektiounen no bausse kommunizéieren (Pressekonferenzen Communiquéeën) fir d’Kommunikatioun wärend der Walkamapgne ofzestëmmen a kohärent ze behalen.
7. Informatesch Outil’en & Logins (Sven)
Präsentatioun vun den Tools, déi de Kandidaten fir d’Walkamapgne zur Verfügung wäerte stoen:
E-Mails,
Kaart fir Walkampagne,
Grafiken selwer erstellen am Layout vun der Partei.
10. Info: Generalversammlung Sektioun Esch 28/1/2023
D’Sektion Esch léid op hir Generalversammlung an.
12. Divers
Organisatioun vun de Landeskongresser dëst Joer:
ee virun de Gemengewalen, ee virun de Chamberswalen an een no de chamberswalen (22ten Oktober)
–> Decisioun: d’Rebecca këmmert sech drëm, fir d’Säll ze buchen.
Punkt 8. & 9. & 11. Huis clos
Aus strategesche Grënn goufen dës Punkten am Huis clos behandelt.