Parteileedung 2ten Dezember 2023

Präsent vum Präsidium waren : Gilles, Marc, Sven, Mandy, Camille, Starsky, Raymond. 

Debut 9h00, Schluss 15h00

Walanalyse 2023 (Huis Clos) 

D’Parteileedung huet aus strategesche Grënn decidéiert, dës Sitzung am Huis clos ze halen.

Oflaf vun der Sitzung

  • Presentatioun vun den eenzelne Bezierker wat gutt gelaf war a wat schlecht gelaf ass an der Kampagne (intern an no baussen).
  • Eenzel Wuertmeldungen vu Memberen a Kandidat:innen zu hire perséinlechen Analysen.

Europawalen 2024

D’Partei mécht een Opruff un d’Memberen, fir sech als Kandidat:in ze mellen fir d’EU-Walen. Jiddereen dee wëll, soll sech mellen fir dass d’Partei 6 gutt Leit auswiele kann, déi eis Partei als Kandidate vertrieden. Genee Informatiounen komme per Mail.

Save the Date: Landeskongress + EU-Kongress 27/1/2024

D’Parteileedung huet festgehalen, fir de nächste Landeskongress de Samschden de 27te Januar z’organiséieren.

Deen Dag kommen och d’EU-Piraten op Lëtzebuerg, soudass mer de Kongress zesummen ofhale wäerten. Um Kongress wäerte mer dann och den gemeinsamen Europaprogramm vun de Piraten ënnerschreiwen.

Detailer kommen an der Invitatioun no.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt