um 19h00 Auer am HQ (Kopstal) an och digital iwwer Jitsi.
Gemengewalen Kaderprogramm 2023
Den Entworf vum Kaderprogramm op Basis vun der Aarbechtsgruppen am Hierscht ass fäerdeg. D’Parteileedung huet iwwert verschidde Punkten a Meenungen aus dem Kaderprogramm diskutéiert a Positioune festgehalen.
D’Memberen kréien de finale Kaderprogramm elo virgeluecht pour Avis an dierfen hir Iddien areechen. De Programm gëtt um Kongress vum 5te Mee gestëmmt.
D’Memberen kënnen och schon hir Iddi fir ee Slogan fir d’Gemengewalen arreechen. D’Proposen ginn op der nächster Parteileedungssitzung gewielt.
Organisatioun vum Material fir d’Walcampaange
All Sektioun kann elo seng Quantitéiten kommunizéieren, déi gebraucht ginn. Plakater kënnen op Demande och neutral gestalt sinn (ouni Logo).
Reminder Walofkommes : maximal 90 grousslächeg Affichen.
Liwwerung : kann och bei d’Persounen an d’Sektioune gemaach ginn.
Sektiounen: aktuelle Stand vun de Lëschten
Am Norden sti mer gudd a verschiddene Majorzgemengen. De Bezierk Norden invitéiert op een Event zu Woltz den 10te Mäerz.
Am Osten wäerte mer alles Viraussiicht nieft Réimech och eng Lëscht zu Gréiwemaacher kënne presentéieren. Déi nächst Wochen ginn hei ausschlaggebend.
Am Zentrum ass de Stand ganz gudd : Stad Lëtzebuerg ass komplett, an och Hesper huet elo seng Kandidaten zesummen. Colmar-Bierg hu mer och 2 Piraten, déi untrieden. De 7te Mäerz invitéiert de Sven an eng Buvette op Stroossen.
Süden : Péiteng a Kayl si gesat. Käerjeng huet och elo 10 Kandidaten fir seng Lëscht fonnt. Zu Suessem ass ee Piraten-Treff organiséiert fir den 7te Mäerz, och hei fëllt ech d’Lëscht lues a lues. Esch mellt, das hinnen och just nach 6 Leit feehlen fir eng voll Lëscht ze kréien. Och zu Leideleng hu mer ee potenzielle Kandidat (Majorzgemeng).
Kandidatelëschten
D’Lëschte vun eiser Partei sollen ënnert dem Numm „PIRATEN“ deposéiert ginn (alles grouss geschriwwen.)
Oppassen bei der d’Reienfolg vun de Leit op der Lëscht, well déi bleift esou, wéi se dee Moment ofginn gouf.
Landeskongress n°1 am Mee
Den Datum fir de Landeskongress gouf op de 5te Mee fixéiert. D’Rebecca këmmert sech ëm d’Invitatiounen an de Sall.
Porte à porte déi Lenk Sektioun Stad
Et gouf decidéiert, dass eis Deputéiert eng QP zum Thema solle stellen, fir iwwert d’Legalitéit vun dëser Aktioun kënnen ze befannen : https://piraten.luporte-a-porte-fir-dwalcampagne/
Design vu Postings
All Kandidat kritt Accès op eng Plattform, fir Grafiken selwer kënnen z’erstellen am Repsekt vun der visueller Identitéit vun der Partei. De Sven schafft grad drun an et soll eng Circulaire gemaach ginn, wéi dat ganzt funktionéiert. Eng Formatioun eng Kéier e Nomëtten ubidden. D‘Rebecca mécht dës Formatioun.
Formatioun fir Social Media
Op wat fir engen Plattformen soll gepost ginn, wat soll gepost ginn, wéi soll gepost ginn fir maximal effizient ze posten?
Formatioun gëtt organiséiert vum Ben Polidori de 16te März Owes um 19:30 zu Koplescht.
Gestion des stocks
Reminder : nëmmen d’Personal dierf d’Bicer a Material aus dem Stock erausginn. Dat selwescht gëlt och fir d’Flyeren fir Kandidat ze ginn.
Events
Stad Lëtzebuerg: si stinn deemnächst all Weekend um Stater Maart an dat och mat der Piaggio. D‘Personal stellt hinnen de Stand komplett dohinn an d’Leit aus der Stad hëllefen beim Oprichten an Ofrichten. Si kënnen och selwer Roll-upen maachen fir d’Sektioun Staat.
Vum Präsidium waren ofwiesend an entschëllegt : Mandy.
D’Parteileedung war domadder beschlossfäeg.
Enn vun der Sitzung um 22h00