Parteileedung 20te Mäerz 2023

Start um 19h15

Stand Sektiounen

Tour de Table iwwert de Stand vun de Sektiounen. Aktuell si folgend Proporzgemengen sécher: Stad, Kayl, Péiteng, Suessem, Käerjeng, Réimech, Gréivemaacher.

Esch & Déifferdeng kompletéieren sech.

Majorzgemengen mat Piraten-Kandidaten: Useldéng, Réiden, Leideleng, Viichten, Weiswampech,

Kaderprogramm Gemengewalen 2023

De finalen Entworf vum Kaderprogramm gouf vun der Parteileedung gutt geheescht. 

D’Memberen sollen elo basisdemokratesch online a per Urwahl de Programm ofstëmmen, deen dann um Kongress de 5te Mee offiziell virgestallt gëtt.

Marie-Marthe koordinnéiert d’Iwwersetzungen vum Programm.

Informatioun zu de Videoen Kandidaten

D’Kandidaten goufen iwwer Mail, fir ee Video vun de Kandidaten ze maachen.

Informatioun Bezierk Süden: Kordall-Büro

De Bezierk Süden informéiert, dass si wärend der Walcampagne ee Büro zu Péiteng en face vun der Gemeng wäert lounen, fir Veranstaltungen z’organiséieren. 4 Sektiounen aus dem Kordall wäerten mat an d’Wale goen a kënnen dann do hir Walveranstaltungen organiséieren.

Ouschtereeër Emaischen & Blumme fir Mammendag

Informatiounsaustausch, wéi dat organiséiert gouf an der Vergangenheet. 

Den National bestellt Blummen.

Relais pour la vie

Fënnt dëse Samschden statt. D’Personal gëtt heizou nach Informatiounen per Mail eraus.

Kalenner

Op der Website gouf elo een Event-Kalenner opgestallt. Wann an Äre Sektiounen Eventer sinn, deelt eis déi mat: gilles@piraten.lu a carole@piraten.lu

Huis clos

Personal-Decisioun: Astelle vun engem CDI.
Diskussiounen iwwert de Budget vun de Sektiounen a Walmaterial. Aus strategesche Grënn goufen dës Punkten am Huis clos beschwat.

Vum Präsidium ofwiesend an entschëllegt: Rebecca, Daniel
D’Parteileedung war deemno beschlossfäheg.
Schluss um 22h00.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt