Communiqué
Virun zwee Joer stoung eis Partei an der Kritik, well d’Cour des Comptes an hirer Analys zu eiser Finanzsituatioun 2018 gemengt hat, dass verschidden Don’en an eise Bicher net hätten dierften deklaréiert ginn. Opgrond vun dëser Feststellung hat de Premierminister decidéiert, dass eis Partei een Deel vun der Parteifinanzéierung aus dem Exercice 2018 un de Staat muss zeréckzeginn, wat mir och gemaach hunn.
De Parteipräsidium war awer iwwerzeegt richteg gehandelt ze hunn an huet dofir géint d’Decisioun vum Premierminister ee Recours beim Verwaltungsgeriicht agereecht.
No zwee Joer Waardezäit krute mer den 3te Februar d’Bestätegung: mir hate Recht an d’Recetten aus dem Exercice 2018, sou wéi mir se presentéiert hunn, si richteg. Eis Partei huet a senger Interpretatioun vum Gesetz op ganzer Linn vum Verwaltungsgeriicht Recht krut: net nëmmen hu mer d’Saache richteg deklaréiert, mee d’Geriicht bestätegt och, dass mir an eisem Virgoen an absolutter Transparenz gehandelt hunn.
Deemno war dem Premierminister seng Decisioun falsch, wat bedeit, dass de Premierminister deen zu Onrecht zeréckgefuerderten Deel vun der Parteifinanzéierung un d’Partei zeréckiwwerweise muss.
Elo bleift ofzewaarden, ob de Staat géint dëst Urteel an Appell wäert goen oder net.