Ween kennt dat net: Et fiert een pünktlech ob de Fluchhafen, fir een sichen ze goen, an stellt dann fest, dass de Fliger Verspéidung huet. Wann een sech dann ob een vun de Kuerzzäitparking gestallt huet, kann dat schnell deier ginn. Mir hunn beim Minister fir Mobilitéit nogefrot, ob et net Méiglech misst sinn, hei eng Form vu Remboursementer anzeféieren.
D’Bedreiwergesellschaft vum Findel, d’Société de l’Aéroport de Luxembourg S.A., gehéiert zu 100% dem Staat an hire Verwaltungsrot ass integral aus Vertrieder vum Staat oder Staatspersonal zesummegesat. Dës Gesellschaft exploitéiert um Findel am ganze 7 ëffentlech Parkingen. Véier vun dëse Parkingen (d’Parkingen C,E,F,G) si virun allem fir Kuerzzäitparker; op hinnen ass d’Parke fir 15 Minutte gratis, éiert tëscht 1,50 € an 2,50 € pro zousätzlech 15 Minutte fälleg ginn. Fir Passagéier um Findel ofzesetzen, ginn dës 15 Minutten am Prinzip duer an dierfte seele bis ni depasséiert ginn. Anescht ass dat, wann een e Passagéier um Findel ofhuele well. Dann ass et immens schwiereg déi 15 Minutten net ze depasséieren – souguer wann een op d’Minutt près mat der Arrivée vum Fliger um Gate geplangt huet.
An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:
• Wéi vill Zäit vergeet an der Moyenne tëscht der Arrivée vun engem Fliger um Gate (Auerzäit, déi op den
Ecranen affichéiert gëtt) an dem éischte Gepäckstéck, wat um Gepäckband ukënnt?
• Wéi laang dauert et an der selwechter Hypotheese an der Moyenne bis dat läscht Gepäckstéck de
Passagéier zur Verfügung steet?
• Wéi heefeg kënnt et an absoluten an a relativen Zuelen zu Virkommnisser, bei deenen de Fliger zwar
pünktlech lant, mee kee Bus zur Verfügung steet oder keen Operateur fir d’Airbridge disponibel ass, esou
dass den Deboarding sech doduerch verzögert? Wéi vill Passagéier waren déi läscht 12 Méint vu sou
Virkommnisser betraff?
• Ginn et Entschiedegunge fir Leit, déi e Passagéier siche kommen, wann se méi laang wéi 15 Minutte parke
mussen, well e Fliger Retard hat oder et duerch verzögert Betriebsofleef um Fluchhafe méi laang dauert,
bis d’Passagéier duerch d’Douane sinn?
• Denkt de Minister, datt et am Interêt vun de Konsumente wier an datt et d’Attraktivitéit vum Findel
steigere géif, wann de Fluchhafen eng besonnesch Formel géif aféieren, fir Persounen déi e Passagéier
siche kommen, am Fall vun engem Retard ze entschiedegen?
• Wéi steet de Minister zu enger eventueller Gratuitéit vum Parking fir Stationementer ënnert enger Stonn,
fir Autoen an deenen eng Persoun setzt, déi eng Boardingkaart mat Arrivée zu Lëtzebuerg presentéiere
kann?
• Mat enger Äntwert a Form vun engem Linnendiagramm, deen d’Unzuel vun den Autoen a Funktioun zu
der Zäit duerstellt: Wéi vill Autoen hunn an de leschten 365 Deeg pro Dag tescht enger an 59
Minutte laang op de Parkingen C, E, F, a G vum Findel geparkt?
• Mat enger Äntwert a Form vun engem Linnendiagramm, deen d’Unzuel vun de Passagéier a Funktioun zu
der Zäit duerstellt: Wéi vill Passagéier sinn an de leschte 365 Deeg pro Dag gelant?