OTI-Kontrakter bei der CASA asbl

D’Press huet rezent iwwert eng Rei vu Problemer bei enger ASBL bericht, déi och d’Roll vun der ADEM an dësem Kontext a Fro stellt. De Medieberiichter no goufen et bei der CASA ASBL verschidde Mëssstänn am Zesummenhang mat OTI-Aarbechtsverträg an der Bedeelegung vun der ADEM. Besonnesch besuergniserreegend ass, dass 17 Leit op eemol hir Aarbecht verluer hunn an hinnen erkläert gouf, si hätten keng weider Urechter op Chômage.
D’ADEM huet der Press no eng Rei vu Kontrolle bei der genannter ASBL duerchgefouert an et goufen Onreegelméissegkeeten am Zesummenhang mat den OTI-Aarbechtsverträg festgestallt. Doriwwer eraus schéngt et, datt d’ASBL iwwerhaapt net hätt däerfen OTI-Verträg ofschléissen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Kontrolle goufen zënter 2022 vun der ADEM bei der genannter ASBL duerchgefouert a wat waren d’Resultater vun dëse Kontrollen?

  2. Wéi ass et méiglech, dass eng ASBL iwwer Jore konnt OTI-Verträg ofschléissen, obwuel dëst laut ADEM-Websäit explizitt net virgesi sinn?

  3. Wéi vill OTI-Verträg goufen an de leschte 5 Joer tëscht der genannter ASBL an der ADEM ofgeschloss?

  4. Firwat gouf et keng Interventioun vun der ADEM, wéi festgestallt gouf, dass OTI-Verträg iwwer déi legal virgesinn 18 Méint eraus verlängert goufen?

  5. Wéi eng Moossnamen huet d’ADEM elo geholl fir de betraffene Persounen ze hëllefen an nei Aarbechtsplazen ze fannen? Respektiv fir een Auskommen ze suergen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1745

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene