ACCOUNT

Oser une démocratie plus directe ! Une assemblée citoyenne avec des gens comme toi et moi

D‘Politik méi no un d Biergerinnen a Bierger bréngen an d’Leit endlech an der Politik matdiskutéieren loossen. Dat ass d’Zil vum Biergerrot. Per Lous ginn Leit aus der Bevëlkerung gezunn, déi dann iwwert e bestëmmt Thema Léisungen fir d‘Land ausschaffen. Dës Léisungen ginn dann dem Parlament virgeluecht. Um Samschdeg den 9. Mäerz war d’Piratepartei zu EUPEN an der Belsch, fir sech iwwert de Biergerrot, deen do agefouert gouf, ze informéieren. Am Kader vun enger Pressekonferenz am Parlament vun der „Deutschsprachigen Gemeinschaft“ gouf d’Aarbecht vum Biergerrot erkläert an et goufen Iddien ausgetosch.

D’PIRATEN setzen sech säit hirer Grënnung fir méi DIREKT DEMOKRATIE an. Dofir hu mir och an der Chamber ee Gesetzesprojet deposéiert, deen esou ee Biergerot och zu Lëtzebuerg fuerdert. Mir fannen et super, datt d’Belsch de Courage huet endlech méi Demokratie ze wohen.

Iddi fir den Text: D’Piraten hunn ee Gesetz geschriwwen, fir ee Biergerrot nom belsche Modell hei zu Lëtzebuerg anzeféieren, wou Leit wéi s du an ech mat un der Politik kënnen deelhuelen. 

Hei fannt Dir méi Informatiounen zum Modell vum Biergerrot, wéi en an der Belsch haut scho Realitéit ass: https://www.buergerdialog.be/

An e puer Impressiounen aus der internationaler Presse :

https://www.grenzecho.net/32550/artikel/2020-03-07/medienrummel-beim-auftakt-der-burgerversammlung

https://www.deutschlandfunk.de/buergerdialog-in-ostbelgien-per-los-in-die-politik.795.de.html?dram:article_id=458776

https://www.sueddeutsche.de/politik/belgien-volksherrschaft-wie-im-alten-athen-1.4646581

Zesummenhang posts

D’Gesetz vum 14te Juli 2015 reglementéiert den Accès zum Beruff vum Psychotherapeut. Et kann een ee Master an der klinescher Psychologie hunn, aner Diplomer
An hirer Äntwert op meng Question parlementaire n°7357 huet d’Ministesch geschriwwen, dass zum deemolegen Zäitpunkt insgesamt 388 Kanner a Jugendlecher duerch d’Geriichtsuerteeler vun deenen
Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall