Ortungsfunktioun op Microsoft Teams

D’Wort beriicht an engem Artikel vum 28ten Oktober doriwwer, datt Microsoft Teams eng nei Funktioun aféiert, déi automatesch erkennt, a wéi engem WIFI-Netzwierk eng Persoun ageloggt ass an domadder de Standuert präisgëtt.

Künftig will das Softwareunternehmen eine neue Ortungsfunktion einführen, die erfasst, ob der jeweilige Mitarbeiter im WLAN-Netzwerk des Unternehmens eingeloggt ist oder nicht. „Wenn Benutzer eine Verbindung zum WLAN ihrer Organisation herstellen, kann Teams ihren Arbeitsort bald automatisch aktualisieren, um das Gebäude anzuzeigen, in dem sie arbeiten. Diese Funktion ist standardmäßig deaktiviert. Mandantenadministratoren entscheiden, ob sie aktiviert werden soll, und verlangen von Endbenutzern die Zustimmung.“ 

D’Funktioun ass fir Firmenzwecker geduecht, wat scho bedenklech ass am Hibléck op den Dateschutz an permanenter Iwwerwaachung. Mee och an eise Schoulen setzt de Bildungsministère op den Asaz vu Microsoft Teams.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert de Bildungsministère dës nei Iwwerwaachungsfunktionalitéit op Teams blockéieren fir d’Privatsphär vu Schüler:innen, Enseignanten an de Mataarbechter ze schützen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3143

Zesummenhang posts

D’Wort beriicht an engem Artikel vum 31ten Oktober 2025 doriwwer, wéi ee Schüler am Zentrum vu Lëtzebuerg vun zwee anere Jugendlechen zerschloe gouf. Et
D’Lëtzebuerger Land huet an engem Artikel vum 31ten Oktober beriicht, datt d’Berodungsfirma Beta Aquarii, déi vum fréiere Wirtschaftsminister Etienne Schneider gegrënnt gouf, am Joer
D’Wort beriicht an engem Artikel vum 28ten Oktober doriwwer, datt Microsoft Teams eng nei Funktioun aféiert, déi automatesch erkennt, a wéi engem WIFI-Netzwierk eng