Orthophonisten

Mam Bilan 30 solle sproochlech Defiziter bei klenge Kanner scho fréi festgestallt ginn. Duerch dësen Depistage ka scho fréi mat enger Fërderung ugefaang ginn, nach éier d’Kanner an de Cycle 1 kommen a se riskéieren, de Retard nëmme méi schwéier nees ob ze huelen.

Eis gouf vu Persounen zougedroe, dass et am Moment ganz schwéier, voir onméiglech wier, ee Rendez-vous fir Kanner bei engem Orthophonist ze kréien. Verschidden Orthophoniste géifen antëscht wuel och keng Waardelëschte méi ubidden, well dës scho längst komplett iwwerfëllt wieren. Dobäi kéim och, dass duerch d’Sproochebarrière verschidden Orthophonisten net ëmmer a Fro kéimen, well grad kleng Kanner dës opgrond vu feelende Sproochkompetenzen net géife verstoen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Orthophonisten hu mir aktuell hei am Land? Kann de Ministère eng geografesch Opschlësselung fir Lëtzebuerg virleeën?

  2. Wéi huet d’Zuel vun den Orthophonisten hei am Land iwwert déi lescht 10 Joer evoluéiert?

  3. Ass der Ministesch bekannt, dass et am Moment zu grousse Waardelëschte bei Orthophoniste kënnt respektiv deels iwwerhaapt keng nei Patient:inne méi géifen ugeholl ginn, well einfach keng Disponibilitéite méi do sinn?

  4. Huet de Ministère sech schonn eng Strategie iwwerluecht, wéi de Manktem un Orthophonisten esou séier wéi méiglech kéint behuewe ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1655

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt