Zuelen zur organiséierter Heescherei

D’Heescherei a senge verschiddene Formen ass am Dezember 2023 e grousst politescht a soziaalt Thema an eiser Gesellschaft gewiescht. Et ass vu Säite vun der Regierung an och eenzele Gemengepäpp dorops higewise ginn, dass virun allem déi organiséiert Heescherei am Zentrum vun de Suergen an de neie Reglementatioune steet. Konkret soll d’Police an dësem Kontext zum Beispill ab Januar an der Stad Lëtzebuerg géint déi organiséiert Heescherei virgoen. An anere Gemenge, wéi zu Dikrech, stinn änlech Iwwerleeunge schonns länger am Gemengereglement. D’Argumenter säitens der Regierung bauen op villen Temoignagen op, déi an dësem Kontext der Stad Lëtzebuerg zougedroen an zougeschéckt gi sinn. Et stellt sech awer d’Fro vun enger statistescher Traçabilitéit vun dëse Fäll. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Fäll vun organiséierter Heescherei sinn an de leschte 5 Joer pro Gemeng vun der Police notéiert ginn?

  2. Wéi vill vun dësen notéierte Fäll konnte final opgekläert gi pro Gemeng? 

Fro n°145

Zesummenhang posts

D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier
D’Situatioun an den USA weist elo schonns alarméierend Entwécklungen am Beräich vun der Wëssenschaft. Wéi aus dem Artikel “Wie Trump den Wissenschaftsstandort USA in