Respekt vun Ordonnancen am Impfzenter

D’Patientevertriedung an den ULC hunn an engem Communiqué matgedeelt, dass et zu ville Fäll géing kommen, wou Ordonnancen oder soss Recommandatioun vun  Hausdokteren, déi Persounen, déi fir eng Covid-Impfung invitéiert goufen, dobäi hunn, net a Consideratioun geholl ginn. Laut Patientevertriedung géif just no eventuellen Allergië gekuckt ginn. Dëst kann zu Onsécherheete fir déi Betraffe féieren.  Laut der Santé hunn 668 Leit, déi an engem Impfzenter ee Vaccin proposéiert kruten, dëse Vaccin refuséiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Santé net der Meenung, dass d’Recommandatioune vum Hausdokter, deen d’Persoun an hier gesondheetlech Situatioun kennt, sollte respektéiert ginn?

  2. Wat fir eng Prozedur gëtt am Impfzentrum befollegt, wann eng Persoun eng Recommandatioun/Ordonnance vun engem Hausdokter virleet, déi vum Usage vun enger Zort Vaccin ofréit? Wien huet dat lescht Wuert bei der Offer vun engem Vaccin?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4148

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt