Opstockung vun der Police

Den 27ten September huet de Policeminister zesummen mam Direkter vun der Regioun Capitale an dem Directeur central vun der Police ee Plang fir ee bessert Sécherheetsgefill fir de Bierger virgestallt. Laut dësem Plang sollen d’Beamten an den Komissariater an der Stad (Gare, Centre an Bounneweg) vu Beamten aus aneren Déngschter ënnert d’Äerm gegraff kréien.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Beamten wäerten Vollzäit bei den Commissariater an der Stad dobäi kommen? Wéi vill Beamten wäerten Deelzäit bei den Commissariater an der Stad dobäi kommen? Vu wéi enge Kommissariater wäerte Leit ofgezu ginn?

  2. Ass geplangt, dass nach weider Policekommissariater (ausserhalb vun der Stad) bis Enn 2021 sollen op dësem Wée ënnersetzt ginn ? Falls jo, 

• ëm wéi eng Kommissariater handelt et sech a wéini wäerten se ënnerstëtzt ginn (opgelëscht no Mount an deem dës Opstockung soll stattfannen)?

• kann de Minister d’Unzuel vu virgesinnen zousätzlechen Beamten pro Commissariat nennen?

• kann de Minister Ugabe maachen, ëm wéi vill Prozent d’Aarbechtsstonnen op dëse Kommissariater géif klammen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5026

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen