Opstelle vun engem Fong fir Naturkatastrophen

Context:Projet de loi – Budget 2022

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • D’Fondatioun IDEA huet an hirem Aarbechtsdokument n°7 “Quelques réflexions sur le budget 2022 !” eng Rëtsch Verbesserungsvirschléi fir de Budget 2022 virgestallt;
  • Am Punkt n°8 plaidéiert d’Fondatioun fir d’Schafung vun engem “Fonds des Calamités au Luxembourg”. “Celui-ci permettrait de garantir des réserves mobilisables rapidement en cas d’événements climatiques graves. Dans son objet, il pourrait s’inspirer du Fonds belge des Calamités, qui prévoit une aide à la réparation aux sinistrés. Le but de ce dernier n’est pas « de remplacer ou de compléter les indemnités octroyées par les compagnies d’assurance » mais plutôt « (…) de permettre aux sinistrés de retrouver une vie normale et de recouvrer des biens de première nécessité.”;
  • Och d’Cour des Comptes recommandéiert an hirem Budgetsavis 2022 d’Opstelle vun engem Spezialfong fir Naturkatastrophen: « La Cour encourage le gouvernement à considérer la création d’un fonds spécial dédié au financement des dommages occasionnés par les catastrophes naturelles susceptible de renforcer la capacité d’absorption de notre économie face à des événements liés au changement climatique. Il s’agit également de mobiliser des fonds permettant de soutenir les victimes rapidement sans pour autant trop impacter le budget étatique. La création de ce fonds de soutien aux victimes de la crise climatique aurait en outre l’avantage de rendre les coûts liés au changement climatique plus transparents et de simplifier le suivi et l’évaluation de ces dépenses.”

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. Den Observatioune vun der Cour des Comptes an der Fondatioun IDEA Rechnung ze droen an ee Spezialfong fir Naturkatastrophen opzebauen.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene