Opnahm vu Flüchtlingen bei der Monarchie

D’Kinnéksfamiljen an der Belsch souwéi an Holland hunn decidéiert, fir ukrainesch Flüchtlingen a verschiddene vun hire Gebaier opzehuelen. Aktuell befannen sech zu Lëtzebuerg ronn 3000 Mënschen aus der Ukrain, zousätzlech zu de Flüchtlingen, déi aus anere Regioune schonn hei am Land sinn. All Plaz, déi een hei am Land kann ubidden, ass wichteg.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Minister Kenntnis dovun, dass och d’groussherzoglech Famill plangt, verschidde vun hire Gebaier fir Flüchtlinge bereetzestellen?

  2. Wäert de Premierminister mat der groussherzoglech Famill kucken, ob Raimlechkeeten, déi de Grand-Duc vum Staat fir seng Funktiounen zur Verfügung gestallt kritt, kéinte fir Flüchtlingen opgemaach ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5983

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023