Am Koalitiounsaccord 2023-2028 steet fir Demandeur de protection internationale (DPI):” seront répartis équitablement à travers le pays. Toutes les communes devront participer et être solidaires en ce qui concerne l’effort de créer des structures pour dpi”
An engem Artikel am Lëtzebuerger Wort vum 3te Februar ass ze liesen: “Seit Beginn seiner Amtszeit ist Minister Max Hahn „mit dem Pilgerstab“ durch das Land unterwegs. […] Trotz der Not pocht Hahn darauf, dass die Regierung nicht plant, feste Quoten für die Aufnahme von Flüchtlingen quer durchs Land einzuführen. „Ich weiß nicht einmal, wie das umsetzbar wäre“, meint Hahn, wiederholte jedoch seinen Appell an die über 60 Gemeinden, die sich bisher nicht an der Aufnahme von Geflüchteten beteiligt hätten.”
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wat fir eng Virschléi oder Proposen hutt de Minister de Gemenge konkret gemaach, fir si dozou ze motivéieren, Strukturen oder Terraine fir d’Ënnerbréngung vun DPIen zur Verfügung ze stellen?
-
Vu wat fir Aiden oder anere Kompensatiounsméiglechkeete kënne Gemenge profitéieren, wann se zum Beispill duerch d’Ophuele vun DPIen zousätzleche Schoulraum oder aner Strukture musse schafen?
-
Wat fir eng konkret Ufuerderunge ginn un d’Gemenge gestallt, zum Beispill beim Zuverfügungstelle vun engem Terrain?
-
A wat fir enge Gemenge war de Minister bis elo schonn, fir mat hinnen iwwert de Sujet ze schwätzen?
-
Wéi eng Echoen huet de Minister bis elo vun de Gemengen, an deenen hie scho war, kritt?
QP Nummer 1939