Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

OpenLux: D’Finanzplaz brauch méi Transparenz

Communiqué

Als Reaktioun op d’OpenLux-Enquête fuerderen d’Piraten eng Transparenzsteigerung am lëtzebuergesche Finanzsecteur. 

Rezent journalistesch Recherche hu Lëtzebuerg alt nees eng Kéier mat Praktiken zur “Steieroptimiséierung”, voire Steiervermeidung, an Zesummenhang bruecht. Als Reaktioun betount d’Regierung an engem  Communiqué, d’lëtzebuerger Gesetzgebung wär a vollem Aklang mat allen internationalen an EU-Virschrëften esou wéi Transparenzstandards an et géifen och ausnahmslos all d’EU- an international Moossnamen zum Informatiounsaustausch a Steierfroen an zur Bekämpfung vu Steiermëssbrauch a Steiervermeidung ugewend ginn. Mat dëser Reaktioun weist d’Regierung net nëmmen, dass si un enger Verbesserung vun der Situatioun kengeswees interesséiert ass, mee werft och d’Fro op, ob alles wat legal méiglech ass, och gerecht ass. Souguer wa Lëtzebuerg grousse Multinationale just op legale Weeër bei der Steieroptimiséierung hëlleft, heescht dat net, dass Lëtzebuerg op dës Aart a Weis net awer aner Länner Milliounen oder souguer Milliarden u Steierrecette kascht, déi an dëse Länner fir d’Allgemengheet hätte kéinten agesat ginn.

“Wann d’Regierung wëll, dass d’lëtzebuerger Finanzplaz endlech net méi mat Geldwäsch a Steierhannerzéiung a Verbindung bruecht gëtt, da geet et net duer, ze soen, dass ee sech un d’Reegelen hält, da muss een dat och beweisen – an da muss ee mat de Geheimnisser an der Intransparenz, déi d’lëtzebuergesch Finanzplaz ëmmer nach dominéieren, opraumen. Grad e Mangel un Transparenz féiert zu esou Artikelen wéi dem OpenLux an dofir brauche mer éischter méi Transparenz bei Firmekonstrukter ewéi manner.”
Starsky Flor – Spriecher vun de PIRATEN

Et war e wichtege Schrëtt, en ëffentlech zougängleche Registre des Bénéficiaires effectifs (RBE) anzeféieren an d’Pirate géifen sech och wënschen, dass Europa hei dem lëtzebuergesche Beispill nokënnt, an änlech käschtefräi Systemer en place setzt. Mee dat eleng geet net duer.

“Et geet net duer just ze dokumentéieren, mir mussen och dru schaffen de Contrôle vun den Informatioune méi einfach an effikass ze maachen.”
Sven Clement  – Deputéierten PIRATEN

Lëtzebuerg brauch eng gerecht Steierpolitik mat transparente Virgaben a Kontrollen, eng Finanzplaz, déi modern an zugläich fair ass.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll