Open Source beim Staat?

Wéi d’Plattform heise.de an engem Artikel vum 1. Mäerz 2019 beriicht, hu Gemengen an Däitschland op Problemer
mat Windows-Betribssystemer an ëffentleche Verwaltungen opmierksam gemaacht. Et solle Schwieregkeete ginn fir
d’Sécherheet vun den Donnéeën ze garantéieren, well Windows Notzerdate zu all Zäitpunkt un hir Serveren an den
USA schécke kann. An Informatikerkreeser sinn d’Schwächten an d’Gefore vu Windows-Betribssystemer a
Programmer scho säit laangem bekannt; Windowslizenze kaschte Geld, bidde keen effektiven Dateschutz, sinn
immens ufälleg fir Malware a reperkutéieren domadder déi national Souveränitéit iwwer digital Donnéeën.

An deem Zesummenhang hu mir de Ministeren dës Froe gestallt:

  • Opgelëscht no Ministère an ausgedréckt a Prozent, wéi eng Betribssystemer ginn am ëffentleche Secteur agesat?
  • Wéi eng Mesurë benotzt d’Regierung fir sech géint déi uewe genannte Schwächten a Gefore vum Windows Betribssystemer ze schützen? Sinn dës Mesuren als erfollegräich anzestufen?
  • Wéi garantéiert d’Regierung, dass vertraulech Dokumenter net duerch Windowsprogrammer op net gewollte Servere kënne kopéiert ginn?
  • Wéi eng Virdeeler gesäit d’Regierung am Benotze vun Open Source Léisungen? Wäert d’Regierung beim Ausbau vun der Informatik am ëffentleche Secteur – dorënner och an de Gemengen – Open Source Léisungen virzéien?
  • Vu dass d’Regierung aus Lëtzebuerg ee Virreidermodell an der Digitaliséierung maache wëll, ass den Här Minister der Meenung, dass d’Regierung méi Efforte maache misst, fir zumindest am ëffentleche Secteur de Gebrauch vun alternative Betribssystemer ze fërderen? Wéi eng Efforte sinn an dësem Beräich scho konkret gemaacht ginn?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene